Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Background am Gespréich vum 10. Juni - François Bausch: Ministère nee - Chamber sécher - International gären

E Samschdeg war de grénge Vizepremier eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Pensioun a Steieren

Iwwert d'Ofsécherung vun de Rente muss geschwat gi, soss wäert Lëtzebuerg iergendwann e Finanzéierungsproblem kréien. Dat sot de Vizepremier François Bausch e Samschdeg de Mëtten an eiser Emissioun Background am Gespréich.

Dat géing net heeschen, dass d‘Pensioune méi kleng misste ginn, ma et misst een aner Finanzéierungssystemer fannen. Amplaz wéi elo op d'Finanzéierung duerch d'Salariéen ze setzen. Schliisslech géingen duerch kënschtlech Intelligenz an Digitalisatioun Aarbechtsplazen ewechfalen.

Eng Méiglechkeet wier do eng komplementar Steier op d'Produktivitéit vum Betrib. Et misst een oppassen, dass et kee kapitalistesche Feudalsystem an der Gesellschaft géif. D'Verdeelungsgerechtegkeet vu Räichtum wier e groussen Challenge. Deementspriechend misst a punkto Steieren d'Mëttelschicht entlaascht ginn. E Spëtzesteiersaz fir déi, déi gutt verdénge wier dowéinst keen Tabuthema fir de François Bausch.

Aarbechtszäitverkierzung

Déi Debatt wier net gutt ugepak ginn, fënnt de Vizepremier François Bausch an eiser Emissioun Background. D'Digitalisatioun wäert d'Aarbechtswelt veränneren, dofir muss ee Verkierzung debattéieren, awer net vun uewen erof. Schliisslech géing eng Verkierzung och Chancë bidden.

Regierung

Hie wier iwwerzeegt dass déi Gréng an eng Regierung gehéieren, esou de Vizepremier François Bausch. Ma och als Partei dierft een net mengen, dass d'Beem an den Himmel wuessen. Zil bei de Chamberwalen am Oktober wier et, déi 9 Sëtz ze stabiliséieren. Wat déi blo-rout-gréng Koalitioun ugeet, déi wier exzellent gewiescht fënnt de Vizepremier. Ma och mat der CSV kéint ee sech eng Zesummenaarbecht virstellen. Perséinlech wier hien ni op en Titel oder Posten aus gewiescht. De François Bausch geet nach eemol mat an d'Chamberwalen, wëllt awer net méi Minister ginn.

Luxair

Iwwert déi vill Retarde bei der Luxair, wou jo och de Staat e groussen Aktionär ass, wier hien natierlech net frou, esou de Mobilitéitsminister. Einfach mat der Fauscht op den Dësch schloe kéint een do awer net, schliisslech wier et nach ëmmer eng Privatgesellschaft. Allerdéngs misst een och verstoen, dass d'Aviatioun aus enger schwiereger Zäit mat Pandemie a Personalmanktem kënnt an d'Gesellschaft nach net do wier, wou ee se gär hätt. E strukturelle Problem wëllt de Minister awer net gesinn.

De fréiere Procureur d'Etat  Robert Biever, deen d'lescht Joer zum Mediateur fir Gespréicher tëscht der Direktioun vu Luxair an de Gewerkschaften noméiert gi war, hätt eng gutt Aarbecht gemaach. U senge Recommandatioune géing elo an engem Aarbechtsgrupp geschafft ginn.

Wat déi perséinlech Relatioun tëscht dem Gilles Feith, Direkter vun der Luxair an der frësch noméierter Presidentin vum Verwaltungsrot Félicie Weycker ugeet, sou gesäit de Mobilitéitsminister keen Interessekonflikt. Schliisslech géing de Verwaltungsrot jo net eleng d'Decisiounen huelen. Ma fir op der sécherer Säit ze sinn, hätt hien nawell e juristeschen Avis ugefrot.

Verkéier

Grënn firwat et am Land trotz gratis ëffentlechem Transport nach ëmmer staut géifen et vill, seet de François Bausch. Engersäits wier d'Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen net ëmmer déi bescht, anerersäits wier et immens schwiereg un Terrainen ze kommen, fir dorop Infrastruktur ze bauen. Dobäi kéim dann och nach den Nimbi Effekt, also den Not in my backyard Effekt. Zwar géifen et juristesch Prozeduren, z.b fir Leit z'enteegnen, ma dat géing Joren daueren. Et wier jidderengem säi gutt Recht, sech ze wieren.

Wat d' Dauer vun der Geneemegungsprozedur ugeet, do soll den Ëmweltministère nach virun der grousser Vakanz e Projet presentéieren, fir déi Prozedur méi séier ze maachen.

A punkto Mobilitéit steet de gréngen Transportminister nach ëmmer hannert sengem Nationale Mobilitéitsplang 2035. Do géing kee Wee derlaanscht goen, an hie géif och sengem Nofollger un d'Häerz leeën, sech dorun ze halen. Well soss géing et schif goen, esou de François Bausch. Et misst een dohi kommen, dass een der Mobilitéit net ëmmer mat Chantieren hannendru leeft.

Background am Gespréich: François Bausch

RTL

© Pedro Venâncio

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.