Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Basket: EM-Qualifikatioun: Lëtzebuerg setzt sech kloer mat 81:43 an der Schwäiz duerch

D'Rout Léiwinnen hunn no enger staarker Leeschtung eng héich 81:43-Victoire an der Schwäiz gefeiert. Et war den 1. Erfolleg fir Lëtzebuerg.

An der EM-Qualifikatioun gouf et an den éischten 3 Matcher 3 Néierlage fir d'FLBB-Dammen. Um Sonndeg hat Lëtzebuerg géint d'Schwäiz auswäerts d'Méiglechkeet, sech fir déi knapp 54:58-Defaite aus dem 1. Match ze revanchéieren.

An dat huet Lëtzebuerg och gemaach. Et gouf um Enn eng

Mat enger grousser Motivatioun sinn d'Lëtzebuergerinnen an de Match gaangen an hunn den 1. Véierel kloer mat 22:11 fir sech entscheet. D'Lisa Jablonowski an d'Catherine Mreches hu mat hire Punkte fir den 11-Punkte-Virsprong gesuergt. Och am nächste Quarter waren d'Rout Léiwinnen iwwerleeën a konnten den Avantage op 15 Punkten ausbauen. An der Paus stoung et 38:23 fir Lëtzebuerg.

No der Paus ass et weiderhin an der Defense an am Ugrëff ganz gutt fir d'Gäscht gelaf. D'Schwäiz konnt am 3. Véierel just 10 Punkte markéieren, wärend d'Gäscht der 15 markéiert hunn. Am leschte Quarter hunn d'FLBB-Dammen de Virsprong net nëmme geréiert, mee Punkt fir Punkt weider ausgebaut. Si hunn et domadder fäerdegbruecht, all d'Véierele fir sech ze entscheeden. De Succès mat 38 Punkte Virsprong war méi wéi verdéngt. D'Catherine Mreches war mat 24 Punkten d'Top-Scorerin fir d'Rout Léiwinnen.

Am neie Joer geet et mat der Partie géint Italien weider.