Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Basketball-Championnat: Auswäertsvictoirë fir Ettelbréck a Bartreng

E Samschdeg den Owend war et den Optakt vum 2. Spilldag an der LBBL, dat mat 4 Matcher. Steesel, Diddeleng an d'Fiels bleiwen ongeschloen.

Hären

Virun 250 Spectateuren waren d'Tribüne mol nees eng Kéier richteg gefëllt, am Derby tëscht Hiefenech an der Fiels, wou et anstänneg zur Saach gaangen ass. Et war eng serréiert, ëmkämpfte Partie. An der Paus stoung et 35:29 zu Gonschte vun der Heemekipp. Am Ufank vum leschte Véierel huet d’Fiels sech kuerz ofgesat 53:63, mä Hiefenech koum nach emol op 61:63 erun. Déi lescht 5 Minutten hunn awer d’Deciisoun zu Gonschte vun de Gäscht aus der Fiels bruecht. Aus 61:63 hu si en Schlussresultat gemaach.

De Gréngwald hat d'Musel Pikes op Besuch. An all Véierel hat Hueschtert d'Nues vir a konnt esou virun 267 Zuschauer am Centre Sportif "Am Sand" eng kloer Victoire feieren, dat mat.

Virun enger schwiereger Aufgab stoung den AB Conter géint d'Amicale Steesel, an dat krute se och ferm ze spieren am éischte Véierel, dee mat 27:12 ganz däitlech un déi Steeseler gaangen ass. Virun der Paus konnt Conter de Réckstand liicht reduzéieren. Och den 3. Véierel goung u Conter, ma den Ecart war schonn ze grouss. Déi Steeseler hunn de Match geréiert a gewannen um Enn mat 10 Punkte Virsprong géint Conter ().

Den T71 Diddeleng war dann den eenzege Veräin, deen et op iwwer 100 Punkte gepackt huet um Samschdeg. De Géigner vu Walfer koum op 92 Punkten, déi awer net sollten duergoen. De leschte Véierel huet den Diddelenger gehéiert. Deen hu se mat 32:22 gewonnen, fir um Enn mat géint d'Residence d'Iwwerhand ze behalen.

Dammen

Bei den Damme waren et um Sonndeg déi selwecht Ekippen am Asaz wéi bei den Hären. D'Sparta Bartreng gewënnt zimmlech kloer mat (18:14, 23:15, 22:10, 16:18) beim Basket Esch. Am éischte Véierel war d'Partie nach serréiert, mee am zweeten an drëtte Véierel huet d'Sparta sech e kloren Ecart erausgespillt an um Enn verdéngt gewonnen. Si stinn elo mat 4:0 Punkten an der besserer Punktdifferenz op Plaz 1.

Am zweete Match vum Sonndeg huet d'Etzella béid Punkte vun Zolwer mat heem geholl. Ettelbréck gewënnt mat (19:10, 20:18, 14:12, 22:17) um Scheierhaff duerch. Bescht Scorerin vum Match war d'Bartrenger Spillerin Isis Naomi Lane mat 27 Punkten.

Bei den Dammen huet de Coupe-Gewënner Walfer mat géint Wolz gewonnen. D'Résidence hat vun Ufank un d'Kontroll am Match an huet d'Victoire ni aus der Hand ginn. Fir Walfer ass et déi éischt Victoire an dëser Saison.

Déi zweet Victoire am zweete Match gouf et da fir Conter. Virun den eegene Spectateuren huet ee sech géint d'Amicale mat