Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bedenke wéinst Cybersécherheet: Och Frankräich verbitt TikTok op Déngschthandye vu Beamten

No den USA, Groussbritannien an der Belsch zitt och Frankräich mat engem Verbuet vun der Online-Plattform op den Déngschthandye vu Beamten no.

De Ministère fir den ëffentlechen Déngscht huet e Freideg matgedeelt, datt d'Regierung d'Decisioun geholl hätt, "d'Downloaden an d'Installatioun vu Fräizäit-Appen op Déngschttelefone vu Staatsbeamten vun elo un ze verbidden".

Dat well Donnéeën op esou Applikatioune net genuch geschützt wieren, fir op den Apparater vun der Verwaltung agesat ze ginn, heescht et weider. Nieft TikTok wieren och Spill-Appe wéi Candy Crush a Streaming-Plattforme wéi Netflix verbueden.

Eréischt virun zwou Wochen hat och de belsche Premier Alexander de Croo annoncéiert, datt belsch Staatsbeamten d'Applikatioun vun hiren Déngschthandye misste läschen. Dat nodeems eng Partie europäesch Regierungen an d'Institutioune vun der Europäescher Unioun hir Beamte scho wärend de leschte Wochen ugewisen haten, d'Social-Media-App vun hiren Aarbechtshandyen a -Computeren ze läschen. Dat wéinst Bedenken doriwwer, wat mat den Donnéeën, déi vun der App traitéiert ginn, passéiert.