Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

BGL Ligue: Hesper léisst Punkten zu Rouspert hänken, Succès fir Nidderkuer géint d'Fola

Duerch de 0:0-Remis vu Rouspert géint Hesper kann Diddeleng, mat enger Victoire zu Käerjeng, d'Tabellespëtzt nees iwwerhuelen.

Um Sonndeg huet sech Nidderkuer an enger Partie mat ville Goler mat géint d'Fola duerchgesat. Déi éischt 45 Minutte gounge kloer un de Progrès. De Filet hat mat sengen 2 Goler fir eng däitlech 2:0-Féierung gesuergt. D'Fola koum nom Säitewiessel zréck an de Match an ass duerch Goler vu Correia a Jeridi op 2:2 erukomm. De Progrès huet awer reagéiert a 4 Minutten nom Ausgläich nees den 3:2 duerch den De Almeida markéiert. D'Fola huet alles ginn, fir de Match nach emol auszegläichen, um Enn sollt et awer net méi duergoen.

De Racing huet sech misse mat géint Péiteng geschloe ginn. D'Gäscht waren an der 1. Hallschent kloer iwwerleeën. Den Abreu huet Péiteng an der 11. Minutt mat 1:0 a Féierung geschoss. An der Suite huet den Tekiela fir d'éischt en Eelefmeter verschoss, éier de Stiermer och nach en Abseitsgol markéiert huet. D'Heemekipp konnt zefridde sinn, datt si an der Paus net méi héich hanne louch. Nom Téi ass de Racing besser an de Match komm. Péiteng huet awer weiderhi gutt dogéint gehalen. An der 86. Minutt gouf de Garos vum Racing wéinst enger Noutbrems vum Terrain gesat. Den Tekiela huet säi Feeler aus der 1. Hallschent gutt gemaach an den 2. Eelefmeter erageschoss. Duerch des Victoire iwwerhëlt Péiteng de Racing an der Tabell a steet op der 3. Plaz.

Zu Rouspert gouf et eng Iwwerraschung. D'Lokalekipp huet géint den Tabelleleader Hesper gläich gespillt.  Vun Ufank u stoung Rouspert kompakt an der Ofwier an huet et de Stiermer vun de Gäscht schwéier gemaach, fir de Ball am Filet ënnerzebréngen. Mam 0:0 sinn d'Säite gewiesselt ginn. An der 2. Hallschent huet de Swift offensiv besser gespillt a sech vill Geleeënheeten erausgespillt. D'Gléck war awer net op der Säit vun de Gäscht, soudass et aus Rousperter Siicht beim gléckleche 0:0 bleiwe sollt.

Stroossen huet an engem onspektakuläre Match mat wéineg Golchancen géint Monnerech gewonnen. D'Goler hunn de Baillet an der 74. Minutt an de Perez an der Nospillzäit markéiert.

D'Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D'Tabell