Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

BGL Ligue: Jeunesse a Monnerech verpasse Sprong no vir

D'Jeunesse Esch deelt mat Munneref d'Punkten a Monnerech léisst zu Schëffleng zwee Punkte leien. Rouspert verschaaft sech am Tabellekeller Loft.

Schëffleng a Monnerech trenne sech . Monnerech war an der éischter Hallschent déi besser Ekipp an huet sech doduerch vill Chancë erausgespillt. Et waren och d'Gäscht, déi den éischte Gol markéiere konnten. Den Opsteiger Schëffleng ass no enger hallwer Stonn besser an de Match komm a konnt direkt vu senger zweeter Golchance profitéieren. Kuerz virun der Paus koum et no engem Tackling um Mëttelkrees zu enger Ruddelbildung, no där fënnef Spiller mat Giel verwarnt goufen. An der 67. Minutt hat de Kirch Schëffleng a Féierung geschoss. Monnerech war komplett aus dem Match, huet mat der leschter Aktioun awer nach den Ausgläich geschoss.

Och am Match tëscht der Jeunesse Esch a Munneref ass e spéiden Ausgläich gefall, sou dass et um Enn stoung. Et war eng mëttelméisseg éischt Hallschent  mat ville Ballverloschter op béide Säiten. Den Deruffe hat d'Jeunesse fréi a Féierung geschoss, déi de Bekkouche nach virun der Paus op en Eelefmeter hin egaliséiere konnt. Och an den zweete 45 Minutten war de Match méi vu Kampf wéi vu spillereschen Aktioune gepräägt. Et war nees de Bekkouche, deen eng vun de wéinege Golchancë verwäerte konnt a Munneref a Féierung bruecht huet. No enger Reiwerei am Mëttelfeld hunn den Holter (Munneref) an de Mogni (Jeunesse) vum Arbitter d'Rout Kaart gewise kritt. D'Jeunesse huet an de leschte Minutten alles no vir geheit a gouf an der Nospillzäit mam Ausgläich duerch en Eelefmeter belount.

Virun der Partie huet d'Jeunesse un de Match vum 19. September 1973 géint Liverpool erënnert, wéi déi Schwaarzwäiss de Reds op der Escher Grenz viru 7.000 Spectateuren en 1:1 ofgeknäppt haten.

RTL

© RTL / Serge Olmo

RTL

© RTL / Serge Olmo

De Resumé vun de Matcher vum Samschdeg fannt Dir hei.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler


1:0 Deruffe (5'), 1:1 Bekkouche (43', Eelefmeter), 1:2 Bekkouche (73'), 2:2 Teixeira (90'+7, Eelefmeter)

D'Tabell