Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bouneweg: Kierperverletzung a Rebellioun géint Beamten

Geruff gouf d'Police géint 18 Auer, dat well eng alkoholiséiert Persoun an der Rue de Bonnevoie am Gaange war en Auto futti ze schloen.

D'Police huet dann och sur Place op de Mann ugetraff, deen effektiv extrem alkoholiséiert an och aggressiv war. Niewent der muttwëlleger Beschiedegung um Auto, huet hien och de Chauffeur attackéiert. Wärend deem d'Pabeiere vum Mann kontrolléiert goufen, huet hien sech ëmmer méi aggressiv beholl an souguer Passanten a Beamte beleidegt.
Vir sech selwer an aner Leit ze schützen, gouf decidéiert de Mann an Arrest ze bréngen. Dogéint huet hien sech awer hefteg gewiert an huet probéiert d'Beamten a sech selwer ze blesséieren. De Mann koum du vir eng Kontroll an d'Spidol.

De Mann gouf wéinst Beschiedegung vum Auto a Kierperverletzung protokolléiert, eng Plainte wéinst Rebellioun géint d'Beamten gouf deposéiert.