Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Business as unusual": D'Fondation IDEA huet eng Partie Kritikpunkten um Staatsbudget

Op enger Pressekonferenz en Dënschdeg de Moien huet d'Fondation IDEA hiren Avis zum Staatsbudget fir d'nächst Joer presentéiert.

Dee wier éischter ongewéinlech, souzesoen "business as unusal". Nom "socialisme pandémique" hätt d'Regierung mëttlerweil de "socialisme énergétique" adoptéiert. De Budget wier nämlech beaflosst duerch déi aktuell grouss Onsécherheet an och duerch d'Perspektiven, déi sech no der Pandemie a mam Krich an der Ukrain verschlechtert hunn. Dofir proposéiert IDEA dann och eng ganz Rei Amendementer um Budget.

Den aktuelle Staatsbudget proposéiert kuerzfristeg vill Mesuren, fir d'Leit z'entlaaschten, déi awer laangfristeg en Impakt  op d'Staatsschold, op d'Evolutioun vun de Präisser, op d'Salairen an op d'Zënssätz hätten.

Dofir soll ënner anerem d'Kafkraaft vun de Leit gestäerkt ginn andeems een zum Beispill d'Chèque-Repasen an d'Luucht setzt, esou Den Ekonomist Michel-Edouard Ruben: "Le montant facial maximal qui est à 10,80 € est figé depuis 2017. La dernière fois que cela a été modifié c'était au moment de la réforme fiscale 2017. Donc nous proposons de passer le montant facial des tickets restaurant à 15€. Ce serait aussi, par la même occasion, de clarifier l'utilisation."

IDEA huet hiren Avis zum Staatsbudget presentéiert / Annick Goerens

De Präisdeckel op d'Energie ass der Fondation IDEA iwwerdeems en Dar am A. Natierlech kéint een novollzéien, dass d'Regierung hätt wëllen d'Kafkraaft vun de Leit erhalen, mee wann d'Energiekrise virugeet, kéint de Käschtepunkt e Problem fir d'Staatsschold ginn, warnt den Ekonomist Vincent Hein. Donieft wier d'Mesure net sozial gerecht an d'Leit géinge mam Präisdeckel och net méi zum Spueren incitéiert ginn.

Dofir proposéiert IDEA, d'Energie nëmme bis zu engem gewësse Montant pro Stot ze subventionéieren: "Ce serait de plafonner la quantité d'énergie que chaque ménage se verrait subventionner. C'est à dire au-delà d'une certaine quantité d'énergie subventionné on laisserait jouer les prix du marché et donc le signal prix. Donc en gros, il faudrait trouver un montant d'énergie en kW/heure qui serait un montant minimal pour subvenir au besoin des ménages et tout ce qui dépasse de cette quantité ne serait pas nécessaire de le subventionner."

A punkto Logement wéilt een de Prinzip vum "Transfert plus-value" nees aféieren, d'droits d'enregistrement erofsetzen an et wéilt eng sougenannt Allocation de logement aféieren, wéi de Michel-Edouard Ruben erkläert: "Les taux d'intérêts ont vachement augmentés. Il y a des gens qui sont endettés à taux variable, donc ce sont des personnes qui peuvent avoir des sérieuses difficultés pour servir leur crédit. C'est ce qui s'appelle „asset rich, but cash poor". Donc ce sont des gens qui sont riches en patrimoine, parce qu'ils ont un crédit immobilier qui a pris de la valeur ces dernières années. Mais ce sont des gens qui sont potentiellement en difficultés financières. Donc l'idée de l'allocation de logement, c'est justement de faire une sorte de subvention remboursable à cette personne-là pour justement permette cette personne de faire face à ces difficultés-là."

Donieft proposéiert de Thinktank IDEA fir d'Abattementen um Impôt commercial communal z'adaptéieren. Déi wiere schonn 20 Joer net méi geännert ginn a kéinten tëscht 16 a 55 Prozent an d'Luucht goen. Dat géing der Kompetitivitéit vun den Entreprisen zegutt kommen, sou d'Ekonomiste vun IDEA.