Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: 6 Blesséierter bei 5 Accidenter

En Dënschdeg den Owend respektiv e Mëttwoch an der Nuecht hat et op enger Partie Plazen op eise Stroosse geknuppt.

Um 17.08 Auer en Dënschdeg den Owend hate sech kuerz hannert der Grenz op der franséischer A31 2 Autoen ze pake kritt. D'Rettungsdéngschter vu Beetebuerg an Diddeleng waren hei op der Plaz, fir sech ëm zwou blesséiert Persounen ze këmmeren.

Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi sech kuerz no 19 Auer um CR119 tëscht Kéideng an Allënster en Auto an e Moto ze pake kruten.

Géint 19.10 Auer war et dann op der A4 an Direktioun Esch op der Héicht vu Leideleng zu engem Accident tëscht 3 Autoe komm. Hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz vu Schëffleng an d'Rettungsdéngschter vu Leideleng an aus der Stad waren am Asaz.

Um 21.44 Auer waren um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad zwou Persoune blesséiert ginn, wéi 2 Autoe matenee kollidéiert waren. Den Asazzenter aus der Stad war op der Plaz.

E weideren Accident tëscht 2 Autoe gouf et da géint 1.20 Auer e Mëttwoch de Moien am Rollenger Gronn. Hei gouf et ee Blesséierten.