Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: Eng ganz Partie blesséierter bei Accidenter uechtert d'Land

E Freideg den Owend an an der Nuecht gouf et am ganze 7 Blesséierter op de Stroossen, dat mellt de CGDIS.

Géint 20 op 7 waren an der Rue Basse zu Kënzeg 3 Autoen net laanschtenee komm. 3 Persoune goufen heibäi verwonnt.

Tëscht Leideleng an Zéisseng ass um hallwer 10 e Freideg den Owend eng Persoun blesséiert ginn, wéi en Auto eng Clôture ze pake krut.

An der Beetebuerger Strooss op der Kockelscheier ass eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Dat war kuerz virun Hallefnuecht.

E Samschdeg de Moien géint 2 Auer gouf et en Accident mat zwee Gefierer op der A31 a Richtung Metz. Tëscht der Diddelenger Grenz an der Sortie Wuelmereng goufen zwou Persoune verwonnt.

Bei zwee méi klenge Bränn zu Esch-Uelzecht an tëscht Bieles an Esch ass kengem eppes geschitt. Eng Kéier hat e Kabel Feier gefaangen, déi aner Kéier eng Poubelle.