Bei der Rettungsaktioun an enger Hiel zu Bäerdref war och de Rettungshelikopter vun der Air Rescue am Asaz.
Eng Persoun gouf hei blesséiert, am Asaz e Freideg de Mueren um kuerz no hallwer 11 waren d'Ambulanz vu Jonglënster, de CIS vu Bäerdref a Bollendorf, sou wéi de Samu.
Um hallwer 1 koum et dunn zu engem Accident an der Stad. An der Rue de Trèves krut en Automobilist e Potto ze paken. Hei gouf keng Persoun blesséiert.
Um 14 Auer dunn e weidert Accident an der Rue principale zu Téiteng. Hei gouf eng Persoun verwonnt.
Zu Koplescht an der Rue de Mamer gouf e Cyclist vun engem Automobilist ugestouss. Och ei gouf eng Persoun blesséiert.
Änlech Virfall dann um kuerz no 5 Auer e Freideg de Mëtteg op der Place de l'Indépendance um Houwald. E Kand gouf hei vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Hei ware Rettungswon, CIS a Samu aus der Stad am Asaz.