Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Chamber: Gliese Kabinnen, fir d’Buschauffer virun Ugrëffer ze schützen, kommen am Januar

Dat äntwert den Transportminister François Bausch op eng Fro vum CSV-Deputéierte Leon Gloden an der Chamber.

An der Lescht war jo gemellt ginn, dass Buschauffer vu Passagéier ugegraff gi waren. D’Flott vun de Busser géing komplett erneiert ginn an déi nei Gefierer wäerten och all esou eng gliese Kabinn hunn. Dowéinst ginn déi aktuell Busser no a no ersat a net ëmgebaut.

Fir Ugrëffer op Buschauffer ze verhënneren, géing och schonn e System fonctionéieren, mat deem d’Buschaufferen diskret bei der Zentral op sech kënnen opmierksam maachen. De Chauffer ka bei Problemer e Knäppchen drécken, ouni dass den Ugräifer dat mierkt. Wann d’Zentral héiert, dass de Chauffer a Schwieregkeeten ass, da ka vun do och d’Police geruff ginn. Duerch e GPS-System kann de Bus dann einfach geuert ginn.

Speziell Patrullen anzesetzen, wier net virgesinn, ma do misst een och mat der Police an dem zoustännege Minister Henri Kox kucken, ob dat mam Personal iwwerhaapt méiglech wier.