Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Chambre de Commerce: Neie President wëll sech fir all Secteur asetzen

Et wier him wichteg gewiescht, sech engem geheime Vott an der Plenière vun der Chambre de Commerce ze stellen, esou de Fernand Ernster am RTL-Interview.

De Geschäftsmann ass als neie President vun der Chambre de Commerce annoncéiert ginn, nodeems de Luc Frieden demissionéiert hat. Dat well hie jo als CSV-Spëtzekandidat mat an d'Wale geet.

Als déngschteelste Vizepresident wier et souwisou um Fernand Ernster gewiescht, den Interim bis déi nächst Wale vun der Handelskammer ze iwwerhuelen. Ma wéi hie vum Luc Frieden gefrot gi wier, hätt hien decidéiert, sech als Kandidat fir de Posten als President ze stellen. Dass hien unanime gewielt gouf, géing him vill bedeiten.

Hie wéilt fir déi ënnerschiddlech Secteuren, déi d’Handelskammer vertrëtt, do sinn a kee favoriséieren. Dowéinst wëll de Fernand Ernster seng aner Mandater, déi mat der Chambre de Commerce ofhänken, ofginn. Säi Posten als Vizepresident vun der Confédération luxembourgeoise du Commerce wéilt hien och néier leeën, fir all Konflikt vun Interessen aus dem Wee ze goen.

Fernand Ernster iwwerhëlt bis Abrëll 2024

D'Neutralitéit wier der Chambre de Commerce allgemeng wichteg, esou och den Direkter Carlo Thelen. De fréiere President Luc Frieden hätt eigentlech net missen zerécktrieden, dat wier him och net nogeluecht ginn, präziséiert de Carlo Thelen. Mä als politesch neutral Institutioun wier et wichteg, déi Trennung bäizebehalen, dowéinst hätt de Luc Frieden och demissionéiert, mengt den Direkter vun der Chambre de Commerce.

Dee neie President Fernand Ernster wëll sech an de nächsten Deeg mat de verschiddenen Auteuren treffen, fir Akzenter ze setzen. Zu der Strategie bis 2050 vum Wirtschaftsminister Franz Fayot, déi verschidden Iddie vun Decroissance virgesäit, konnt de Fernand Ernster nach näischt soen. Den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen huet par konter däitlech Wierder fonnt. D’Betriber bréichte Previsibilitéit fir kënnen ze schaffen an ze wuessen. Dowéinst kéint hie mat der Iddi vun Decroissance net matgoen.

De Fernand Ernster wëll sech elo mol mam Wirtschaftsminister Franz Fayot treffen.

Neie Poste soll kee Sprangbriet sinn

Dee neie Poste géing de Patron vun enger grousser Librairie-Chaîne doriwwer eraus op jidder Fall net als Sprangbriet fir eng Karriär an der Politik gesinn.Obwuel hie politesch interesséiert ass, hätt hien 2009 decidéiert keng Parteipolitik wëllen ze maachen. Dowéinst géing sech de Fernand Ernster ëm sou méi op anere Plazen engagéieren.

Neie President vun der CDC / Reportage Monica Camposeo