Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Chambre des Salariés: D’CSL ass géint eng Schoulflicht bis 18 Joer

D’Schoulflicht hei am Land soll vu 16 op 18 Joer erop gesat ginn. Dat plangt den Educatiounsminister Claude Meisch.

Dat géif déi perséinlech Fräiheet aschränken an et géife sech ganz vill Froe stellen. Et misst ee méi un der Offer schaffen an eng méi laang Schoulflicht hätt och negativ Aspekter.

Si géif verhënneren, datt e Jonke mat 16 kéint schaffe goen a kéint cotiséieren. De Code de Travail géif donieft och virgesinn, datt ee scho mat 15 Joer d’Méiglechkeet huet schaffe goen.

Déi zwee zousätzlech Joer riskéieren, de Problem vum Schoulofbriechen a vum Chômage vun net-qualifizéierte Jonken net ze léisen, mengt d’CSL.

D’Chambredes Salariés fäert, datt de Gesetzprojet virop e Versuch ass fir d’Zuele vum Décrochage scolaire – dat heescht d’Schoul ouni Ofschloss ofzebriechen - ze verschéineren.