Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Charles Goerens: EU-Entwécklungsaarbecht mat Hürde fir 2023

Mat der Ukrain kënnt an noer Zukunft e Land dobäi, wat vill Entwécklungshëllef a Gelder wäert brauchen. Suen, déi op anere Plazen da feelen.

Ëmmer nees steet d'Entwécklungsaarbecht virun neien Erausfuerderungen. Sief dat duerch Konflikter an Drëttstaaten, oder, och ganz rezent, duerch den Neesopbau an der Ukrain. D'lescht Woch gouf am Europaparlament e Rapport zur Zukunft zum EFAD virgestallt. Der Europäescher Finanzarchitektur zu Fërderung vun der Entwécklung. Dat ass relevant, well d'EU an d'Memberlänner zesumme weltwäit dee gréisste Sponsor fir Entwécklungsaarbecht sinn. Op EU-Niveau wëll een um institutionelle Plang, mat Banken a finanziellen Institutiounen no komplementaren Hëllefen, nieft den traditionellen ëffentleche Gelder sichen. Hei soll de Privatsecteur an Zukunft méi eng grouss Roll spillen, esou de Rapport vum Lëtzebuerger DP-Europadeputéierte Charles Goerens, deen d'lescht Woch am EU-Parlament vun enger grousser Majoritéit ënnerstëtzt gouf.

D'Europäesch Unioun gëtt am Joer ongeféier 70 Milliarden Euro un Entwécklungshëllef aus an ass domat ee vun de wichtegsten Acteuren. Weltwäit awer ginn iwwer 4.000 Milliarden Dollar d'Joer gebraucht, fir d'UNO-Entwécklungsziler ze areechen. De Charles Goerens erkläert: "Dat heescht mam Privatsecteur agebonnen, kënnt een da vläicht méi no un déi Zomm drun, mat ëffentleche Gelder eleng net". Investissementer mat engem Ofschlossdatum, ouni, datt sech bemol ee Gruppement ka Suen an d'Täsch stiechen, Transparent a mat engem EU-Partenariat.

Acteuren, ewéi d'Europäesch Investitiounsbank, kéinte sou mat ëffentleche Garantië vu 60 Milliarden, 400 Milliarden un Investissementer fërderen, erkläert den EU-Deputéierten: "Ech kéint mer virstellen, datt mer ganz vill an engem Energiesecteur kéinte maachen. Mat Sonnen- a Wandenergie an Afrika. E Partenariat, vun deem net nëmmen d'Europäesch Unioun kéint profitéieren, mä virun allem d'Afrikaner. Esou, datt d'Beneficer lokal besteiert ginn an an eng Staatskeess ginn an datt déi Leit, déi lokal matschaffen, och eppes dovunner hunn. Entweder iwwer d'Redistributioun vun de Steieren oder zum Beispill en direkten Accès op eng Krankekeess".

Eng zilorientéiert Strategie mat regruppéierte Ressourcen. Ma ëmmer nees stéisst d'Entwécklungshëllef op nei Hürden. 2023 riskéieren d'Ukrain an Entwécklungslänner aus dem Süde sech Konkurrenz fir déi dréngend Hëllefsgelder ze maachen, fäert och den DP-Politiker: "Et wäerten deemnächst Konferenze ginn, fir den Nees-Opbau vun der Ukrain ze diskutéieren. Mir wäerten do an e Beräich tëscht 500 a 1000 Milliarden Euro/US-Dollar kommen. Déi Suen, déi feelen. Déi hëllefe besonnesch och elo bei den Acteuren, déi elo an der EFAD, der Architecture Financière Development matmaachen".

Acteuren ewéi déi europäesch Bank fir Rekonstruktioun an Developpement hu sech iwwert déi läscht Joerzéngten op den Oste vun Europa spezialiséiert. Dës sollte sech elo op d'Entwécklungslänner reorientéieren. Ma vill Progrès hei gouf duerch de Konflikt an der Ukrain zum Deel nees komplett zerstéiert.