Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Chile: Op d'mannst 13 Doudeger bei Bëschbränn

Déi chileenesch Regierung huet fir eng Partie Regiounen am Süde vum Land den Noutstand verhaangen. Dat nodeems eng Hëtztwell fir Bëschbränn gesuergt huet.

Wéi d'Autoritéiten e Freideg matgedeelt hunn, sinn op d'mannst 13 Mënsche bei de Feier ëm d'Liewe komm. Iwwer 100 Haiser wiere beschiedegt respektiv zerstéiert ginn.

Zanterdeem d'Feier e Mëttwoch ausgebrach waren, hu se ronn 47.000 Hektar Bësch zerstéiert. Antëscht géif een a Chile 204 aktiv Feier ziele vun deenen der 56 ausser Kontroll wieren.

Ënnert den Doudesaffer solle sech ënner anerem e chileenesche Pilot an e bolivianesche Mecanicien befannen. Si ware mat engem Pompjeeshelikopter ënnerwee, fir géint d'Feier ze kämpfen. Allebéid si gestuerwen, wéi den Helikopter erofgefall ass.