Dorënner waren och 91 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert. Et war de gréisste Mord u Lëtzebuerger wärend dem 2. Weltkrich.
Haut virun 78 Joer koum et am fréiere KZ a Prisong fir politesch Detenuen vu Sonnenburg, haut Slonsk genannt a Polen, zum Massaker vun engem SS-Detachement, déi 819 Prisonéier erschoss hunn.
Ënnert hinne waren deemools och 91 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert, déi sech geweigert hate fir d’Wehrmacht ze kämpfen.
Et war de gréisste Massemord u Lëtzebuerger wärend dem 2. Weltkrich.
Zu Mutfort ass de Mëtteg eng Commemoratiouns-Zeremonie, bei där d’Regierung duerch de Mëttelstandsminister Lex Delles vertrueden ass. Och de Chamberpresident Fernand Etgen ass mat derbäi.
Am Lyçée Michel Rodange ass a Gedenken un d’Affer de Moie schonn eng Scéance académique, wou d’Vize-Premierministesch Paulette Lenert mat derbäi ass.