Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Commentaire vum Diana Hoffmann: Verbuet ze Heeschen: Wat soll dat heeschen?

Zäitweis gesäit ee vill Heescherten an der Haaptstad. Räichtum zitt Aarmut un, a Lëtzebuerg ass ebe keng Insel. E Verbuet soll an der Haaptstad elo verhënneren, dass ëmmer méi Leit just mam Zil ze Heeschen an d’Land kommen. E Commentaire vum Diana Hoffmann

D’Verbuet ze Heeschen, ass e Verbuet, wat et a verschiddene Stied, ënner anerem an der Schwäiz oder Éisträich, ënner ënnerschiddleche Formen, scho méi laang gëtt. Dofir soll een och hei am Land kënnen oppen doriwwer schwätzen. Net richteg ass awer d’Manéier, wéi dat bis elo geschitt.

De Commentaire vum Diana Hoffmann

Den DP-CSV Schäfferot vun der Stad ass beméit ze betounen, dass et hei net ëm d’Mendicité simple geet, mä ëm déi organiséiert Heescherei. Et wéilt een also organiséiert Gruppe viséieren. Well een awer net noweise kann, dass et déi iwwerhaapt hei ginn, klengt et wéi wann géing probéiert ginn, eng subjektiv Andeelung a gudden a schlechten Heescherten ze maachen. Mat enger méiglecher Stigmatiséierung fir Leit mat osteuropäescher Hierkonft. A méigleche Schikane vu Leit, déi an der Aarmut sinn a bis elo e puer Euro vun hire Matmënsche kruten.

Doriwwer eraus gouf sech bei de Politiker an der Stad net am Fong mat der Ëmsetzbarkeet vun esou engem Verbuet ausernee gesat. Op d’Fangerspëtzegefill vun der Police wëll een sech verloossen, fir ze decidéieren, wéini d’Verbuet ugewannt gëtt. Huet d’Police awer iwwerhaapt d’Moyenen dofir? Falls net, bleift d’Verbuet souwisou just d’eidelt Verspriechen, dass manner Heescherten an de Stroosse wäerte sinn. Iwwerhaapt, kann ee sech froen, wat et bréngt, engem deen ëm Almose freet, an eventuell net emol e feste Wunnsëtz huet, e Protokoll ze ginn.

Vum Stater Schäfferot heescht et, mat der Sozialpolitik géing ee verschidden Heescherten einfach net areechen. Gemengt si wuel dacks d’Roma. Generell Leit, déi sech zu oder ëm Lëtzebuerg néier gelooss hunn, fir ze heeschen. Dat kann awer keen Argument sinn, fir se duerch e Verbuet einfach aus dem Siichtfeld verschwannen ze doen. Dat ass keng Ursaache-Bekämpfung, mä Gepléischters.

Awer emol éierlech. Déi ganz Diskussioun richt no Aktionismus vum Schäfferot, kuerz virun de Gemengewalen. Mam Zil bei der DP-CSV-Wielerschaft an der Stad ze punkten. Wat soll dat Heeschen ëm Stëmmen? E Verbuet géint organiséiert Heesche gëtt et an der Stad schonn zanter 2016. Aggressiivt Heeschen a Leit belästegen, war och nach ni erlaabt. Et hapert also anscheinend méi un der Ëmsetzung, wei un der rechtlecher Grondlag.

D'Diskussioun ass definitiv méi komplex wéi ee kéint mengen. Fir se lo séier duerch en Heesch-Verbuet, wéi et den Ament virgesinn ass, op en Enn ze bréngen, ass net déi richteg Léisung.

A ville Punkte kann een sech dofir nach ëmmer froen: En Heesch-Verbuet grad elo: Wat soll dat eigentlech heeschen.