Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: 249 Neiinfektiounen an 180 Reinfektioune bei 1.502 PCR-Tester

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.168 bliwwen ass.

Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner leie véier Patienten op der Intensivstatioun. D'Santé mellt dann 249 Neiinfektiounen an 180 Reinfektiounen - insgesamt also 429 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d'mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.351 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 64 waren ergänzend Dosen, keng Persoun krut eng éischt oder zweet Sprëtz.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck