Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Vun 1.674 PCR-Tester waren der 406 positiv, ee weidert Doudesaffer

RTL

© RTL

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een op 1.134 geklommen ass.

Aktuell sinn 28 Persounen hospitaliséiert, eng dovunner läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.849 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 369 waren ergänzend Dosen, wärend et bei zwou Persounen déi zweet Dosis war a bei enger déi éischt.

Et goufen 193 Neiinfektioune registréiert.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,34. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck