Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe am Volleyball: Damme vu Mamer a Bartreng stinn an der Finall

Mamer huet sech auswäerts kloer géint d'Gym duerchgesat an Bartreng huet zu Dikrech gewonnen.

Am éischte Match vun der Halleffinall huet sech Mamer kloer mat 3:0 bei der Gym duerchgesat. No engem knappen éischte Saz, dee mat 25:23 un d'Gäscht gaangen ass, hu si dono zwee Mol e kuerze Prozess konnte maachen, datt mat engem 25:10 a 25:17. Esou huet sech Mamer dann och als éischt Ekipp fir d'Finall an der Coupe qualifizéiert.

Do treffe si dann op d'Damme vu Bartreng, déi zu Dikrech hu missten untrieden. Och hei gouf et e ganz enken éischte Saz, deen d'Gäscht mat 27:25 fir sech entscheede konnten. Den zweete Saz war da liicht manner knapp, ass awer mat 25:19 u Bartreng gaangen. Ma déi Dikrecher wollte sech net esou einfach geschloe ginn an hunn den drëtte Saz mat 25:21 fir sech entscheede konnten. Ma de leschte Véierel ass da mat 25:16 nees kloer u Bartreng gaangen, déi sech domadder 3:1 duerchgesat a fir d'Finall qualifizéiert hunn.