Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe Futtball: All d'BGL-Ligue-Veräiner am nächsten Tuer

D'Jeunesse Esch iwwerrennt Pärel mat 14:1, de Progrès an d'Fola gewannen hir Matcher mat 6:0. Aus der Éierepromotioun si Rodange a Schëffleng eliminéiert.

Am éischten Tuer vun der Coupe am Futtball goufen et um Sonndeg véier Heemvictoirë vu Veräiner aus den ënnerklassegen Divisiounen. Iechternach setzt sech mat 3:2 géint Biissen duerch a Beggen gewënnt 2:0 géint Kanech. Fir weider Iwwerraschungen hu Schengen a Mensder gesuergt, déi Schëffleng mat 3:2 respektiv Rodange mat 2:1 geklappt hunn.

D'Veräiner aus der BGL-Ligue hu sech net iwwerrasche gelooss. D'Jeunesse huet Pärel mat 14:1 iwwerrannt, de Swift Hesper setzt sech kloer mat 9:0 zu Harel duerch, Stroossen gewënnt den Derby géint Bartreng mat 8:1 an d'Fola an de Progrès Nidderkuer gewannen hir Matcher kloer mat 6:0 géint Kielen respektiv zu Wëntger.

De Finalist vun der leschter Saison, den F91 Diddeleng, gewënnt 5:1 zu Mënsbech. Eng weider héich Victoire gouf et fir den FC Déifferdeng 03, dee mat 12:0 op Ëlwen wanne geet.

Den Iwwerbléck vun de Resultater