Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe-Match frësch spillen?: Gréngewald hëlt d'Propos vun der Federatioun net un

Nom Coupematch am Dammebasket tëscht dem T71 an de Gréngewald war jo Protest géint d'Wäertung vum Match ageluecht ginn.

Am Basket hëlt de Gréngewald d'Propos vun der Federatioun net un, fir de Match vun den Halleffinallen an der Coupe des Dames géint Diddeleng frësch ze spillen.

Déi Propos louch um Dësch, nodeems déi zwee Veräiner, d'FLBB an d'Verbandsgeriicht e Mëttwoch zesumme souzen. Diddeleng war mat engem neie Match prinzipiell d'Accord.

No der Reunioun vun e Mëttwoch hat d'Verbandsgeriicht gesot, dat et eng Decisioun géif huelen, wéi et weider an deem Dossier geet, wann de Match net géif nei gespillt ginn.

De Gréngewald hat de Match nodréiglech géint Diddeleng gewonnen, nodeems festgestallt gouf, datt déi Diddelenger am Ufank vun der Partie zwee Punkten ze vill opgeschriwwe kruten.