Police / Brücker Andy / © Police / Brücker Andy
Géint 10.00 Auer e Mëttwoch de Moien war eng Persoun bei enger Ausernanersetzung an der Stroossbuerger Strooss mat engem Messer blesséiert ginn.
D'Police hat eng Enquête an d'Weeër geleet a konnt eng verdächteg Persoun ermëttelen. Beim Mann goufe Spueren, déi op d'Dot hindeite fonnt. Ausserdeem konnt e Messer séchergestallt ginn. Dee presuméierten Täter gouf doropshin op Uerder vum Parquet festgeholl a koum am Laf vum Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.
D'Affer gouf op der Plaz medezinesch versuergt a koum duerno an d'Spidol.