Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dammen-Indoor-Futtball: Den SC Ell konnt sech de Championstitel sécheren

Anescht ewéi bei den Hären, wou e speziellt Futsal-Championnat eng ganz Saison iwwer organiséiert gëtt, spillen Dammen nëmmen an der Wanterpaus an der Hal.

Iwwert e puer Weekender hate sech a Poolen 6 Ekippen fir d'Finall qualifizéiert, déi e Sonndeg an enger voller Nidderkuerer Hal organiséiert gouf.

D’Entente Luna Uewerkuer/Déifferdeng, d’Jeunesse Jonglënster, de Swift Hesper, den FC Mamer 32 an d’Young Boys Dikrech hunn ëm den Indoor Championstitel gespillt.

Jiddwereen huet géint jiddweree gespillt an um Enn konnt sech Ell virun der Entente Déifferdeng/Uewerkuer an Hesper duerchsetzen.

Den Tabellevéierten huet just ee Match verluer.

Bescht Spillerin war d’Johanna Koenig mat 7 Goaler. De Racing hat sech net fir d’Indoor Championnat ugemellt.