Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Damp kéint och Norwegen erreechen: Smogwarnunge fir 100 Milliounen US-Bierger

Damp kéint och Norwegen erreechen

Ëmmer méi US-Groussstied si vum geféierlechen Damp betraff, dee vu kanadesche Bëschbränn a Richtung Süden zitt. Den Damp kéint och Norwegen erreechen.

Et gëtt eng Warnung fir 100 Millioune Mënschen wéinst der schlechter Loftqualitéit. Philadelphia a Washington, grad wéi Detroit oder Baltimore gi vun engem brongen, gielen Niwwel iwwerdeckt.

Fir de Bundesstaat New York gouf den Noutfall ausgeruff. Eng Millioun Maske goufe verdeelt. Och a Kanada gëtt et d’Recommandatioun, fir e Mask unzedoen. D’Leit sollen dobanne bleiwen. Et géif riche wéi den 11. September 2001, huet d’New York Times kommentéiert. An Erënnerung un d’Terrorattacken op de World Trade Center.

Iwwerdeem kéint den Damp, deen iwwer Island a Grönland eriwwer gezu wier, geschwënn Norwegen erreechen, wéi d'norwegescht Klima- an Ëmweltfuerschungsinstitut matdeelt. Et geet een awer net dovun aus, datt d'Konzentratioun an Norwegen esou héich wäert sinn, datt se gesondheetsschiedlech wier.

Zanter e puer Woche brennt et a groussen Deeler am Nordosten vu Kanada, eleng dëst Joer goufe schonn iwwer 2.200 Feier registréiert a ronn 3,8 Milliounen Hektar Bësch sinn ofgebrannt. Besonnesch betraff ass Québec, wou mëttlerweil och europäesch Pompjeëe mat bei de Läschaarbechten hëllefen.