Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dan Kersch: Gesetzprojet iwwer Steierentlaaschtunge muss elo séier kommen

Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch fuerdert d'Regierung op, séier e Gesetzprojet op d'Been ze stellen, fir d'Leit steierlech z'entlaaschten.

Um Bord vu Kommissiounssëtzungen an der Chamber sot hien RTL géintiwwer, hie wär iwwerrascht gewiescht, iwwer d'Annonce vun der Finanzministesch Yuriko Backes, et kéinte Steierentlaaschtungen an der Héicht vu 500 Milliounen Euro kommen. D'Annonce wär wuel positiv, ma esou géif ee sech awer och ënner Drock setzen, betount den Dan Kersch. D'Regierung misst elo séier driwwer schwätzen a Mesuren huelen, fir cibléiert Steiererliichterunge bis wäit an d'Mëttelschicht eran. D'Staatsschold läit den Ament bei 24 Prozent vum PIB: Dem LSAP-Deputéierten no wär de Sputt an der Staatskeess do, well d'Leit op hire Paien ëmmer méi Stéiere bezuelt hunn. Dofir misst een un der Schrauf dréinen.

Op d'Fro, ob d'Annonce vun der Finanzministesch Yuriko Backes e Cavalier Seul war, sot de Wirtschaftsminister Franz Fayot, Steierfroe missten an der Regierung diskutéiert ginn. An dat géif Blo-Rout-Gréng och maachen. Wéini sot den LSAP-Politiker net.

Hien huet iwwerdeems eng weider Tripartite dëst Joer an Aussiicht gestallt. Den ekonomesche Kontext wär ganz onsécher, en plus huet de Statec fir d'Enn vum Joer eng méiglech drëtt Indextranche virausgesot.