Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Däregen Dossier : Zu Colmer-Bierg suergt ee Cabinet médical fir ongesond Stëmmung

Datt et zu Lëtzebuerg net grad Dokteren am Iwwerfloss gëtt, ass bekannt.

Virun allem méi kleng a ländlech Gemengen hunn dacks Problemer, Medezinner unzezéien respektiv ze halen. Colmer-Bierg huet ee Cabinet médical mat véier Dokteren, mee d'Raimlechkeeten entspriechen net méi den Uspréch un eng modern Medezin. Dowéinst huet d'Gemeng virun e puer Joer fir ronn annerhallef Milliounen Euro Raimlechkeete kaaft. Mat zwee Doktere gouf iwwer eng Plënneraktioun verhandelt, mee dat ouni Succès. Wie Schold um Echec ass, do ginn d'Meenungen wäit auserneen. De 16. Punkt um Ordre du jour vum Gemengerot Colmer-Bierg huet nawell fir eng bëssi méi animéiert Diskussioun gesuergt. Et sollt entscheet ginn, wat mat deenen zwou kommerzielle Fläche geschéie soll, déi d'Gemeng kaaft hat, fir do ee Cabinet médical anzeriichten. De Buergermeeschter Christian Miny huet d'Méiglechkeet an d'Spill bruecht, d'Gebai ze versteeën. Ma eng Partie vun de Gemengeconseilleren hätt léiwer, et géing ee weider probéieren Dokteren unzelackelen, oder een alternative Service ze fannen. Dem Conseiller Fernand Diederich no géing d'Schold fir d'Scheitere vum Projet beim Schäfferot leien, well dësen den Dokteren net an Aussiicht gestallt huet, datt si Proprietäre vum Gebai kéinte ginn.

De Fernand Diederich, Gemengeconseillere zu Colmer-Bierg:

"Wann ech engem dat erzielen, seet deen, dat kann dach net sinn. Wann ech een Haus bauen, da ginn ech net jorelaang Loyer bezuelen. Ech kann een Emprunt maachen, bezuelen 30 bis 40 Joer dorop zeréck, wéi dat haut eben ass, mee dann ass et awer mengt, meng Immobilien. Hei wier et der Gemeng hiert, déi domm Hännesse wiere just dohi gaangen, fir hiren Emprunt zeréckzebezuele fir d'Gemeng. Et deet mer leed, mee esou zitt ee keng Dokteren un."

Bleift ze ernimmen, datt de fréiere Buergermeeschter de Papp vun engem vun de concernéierten Dokteren ass. De Christian Miny bezweiwelt sengersäits, datt d'Dokteren et ganz seriö gemengt hunn.

De Christian Miny, Buergermeeschter vu Colmer-Bierg:

"Dat lescht Wuert vun engem vun deenen zwee Doktere war, datt dat dote Gebai sech ni gëeegent hätt. Dat opgrond vun deene grousse Fronte vir an deene ganz klenge Fënstere just op der Säit. Do wiere sou vill Raim, déi keen Dagesliicht hätten, dowéinst hätt dat Gebai sech souwisou ni fir ee Centre médical gëeegent. Bon, do muss ech soe vum Fakt hir, datt aner Leit do gären ee Centre médical exploitéiert hätten an engem dann zwee Joer drop soen, datt sech d'Gebai guer net derfir eegent, si mer als Gemeng da vläicht ugeschass ginn."

Déi zwee Doktere gesinn d'Saach liicht anescht. Si hätte sech an éischter Linn dru gestéiert, datt se eng Millioun Euro bezuele sollte fir d'Raimlechkeeten, déi bannen nach ee Réibau sinn, a Stand ze setzen. Och de Loyer vu 4.000 Euro wier ze héich. Fir déi aktuell Raimlechkeeten, déi och der Gemeng gehéieren, géing een ongeféier hallef sou vill bezuelen. De Schäfferot wäert an deene nächste véier fënnef Méint no méigleche Locatairen oder Keefer sichen.