Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Deege-Fechten: Flavio Giannotte wënnt 1. Editioun vum Espoirs-Turnéier vum Escrime Sud

Et ass den éischten internationale Podium vum Lëtzebuerger, deen aktuell op Plaz 107 an der Weltranglëscht steet.

100 Fechter waren ugetrueden an um Enn stoung de Lëtzebuerger ganz uewen um Podium.

No enger gudder Virronn mat 6 Victoiren aus 6 Dueller huet en duerno kloer mat 15:9 géint den David Dergay aus Däitschland gewonnen. An der Véierelsfinall gouf et et 15:12 Victoire géint de Schwäizer Sven Vineis, éier en an der Halleffinall mat 11:10 knapp géint den Éisträicher Julian Fuchs gewënnt.

An der Finall huet den Gionnotte et du mam Schwäizer Lucas Malcotti ze di kritt, deen op Plaz 43 an der Weltranglëscht steet. An engem spannenden Duell behält de Lëtzebuerger um Enn d'Iwwerhand an decidéiert d'Finall mat 14:13 fir sech an hëlt domat Gold.

Placéierunge vun de Lëtzebuerger Hären

Flavio Giannotte 1
Benoît Omont 14
Niklas Prinz 44
Philipp Zens 63
Alexeij Nickels 68
Stanislas Bunetel 73
Joé Delli Zotti 74
Nicolas Wallers 87
Henning Christian 88