Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Den Interessi un eisem Patrimoine wiisst: D’Petitioun fir e besseren Denkmalschutz packt et an d’Chamber

D’Petitioun fir eng koherent an effikass Protektioun vun eisem Patrimoine huet zënter leschtem Weekend déi néideg 4.500 Nimm zesummen.

Dat neit Denkmalschutzgesetz wier scho besser wéi virdrun, mee eise Patrimoine wier ëmmer nach a Gefor, monéiert d'Petitioun, hannert där d'Vertrieder vu Luxembourg Under Desctruction stinn.

Engersäits géif eise Patrimoine dacks géint de politeschen Drock a Saache Logement de Kierzeren zéien, mee et géif och e Manktem un Interessi um Erhale vum Patrimoine, sou d'Petitionären. Donieft wier och dat "net richtegt Matschaffe" vun de Gemengen net seele mat responsabel fir d'Zerstéierung vun Objeten, déi derwäert wiere protegéiert ze ginn.

D'Eisebunnerhäische virun der Bréck zu Miersch – dat vum nom 1. Krich nawell net onwichtegen rouden Deputéierten an Eisebunner Aloyse Kayser, ass trotz dem "fort domadder" vun den CFL, awer op eemol kommunal geschützt. An et steet elo och am Mierscher Buch vum INPA, matzen ënnert deenen Objeten, déi eng Protektioun verdéngen.

RTL

Alles gutt? Neen!, seet d'Karin Waringo, Auteur vun der Petitioun. Vue dass d'CFL d'Gebai aus Sécherheetsgrënn net wollt erhalen, wier si dovunner ausgaangen, dass d'Kulturministesch och weiderhi mam Ofrappen d'Accord wier – bizarre awer dann elo, de proposéierte Schutz vu Säite vun hiren Experten.

Ofrappen, net ofrappen, utilité publique, ale Krëppeng ... och wéinst deem ganze Ge-Hin an Hiers hätte si vu "Luxembourg Under Destruction", eng zweet Petitioun agereecht... mat Erfolleg!

Ëmmer méi Leit géife sech fir de Patrimoine asetzen, dat hätt de Succès vun dëser Petitioun gewisen. Si hätten och eng 100 Membere bäikritt. A vill Leit wiere schockéiert wat mat der Ettelbrécker Gare geschitt ass, wees d'Karin Waringo vu Luxembourg Under Destruction.

Den Agrozenter zu Miersch hat awer kaum een intresséiert. Déi zwee lescht Temoinen: e Bauer op der Fassad an dat komplett authentescht Barrières-Haischen aus de 70er. Och wann elo gelaacht gëtt – si géif et fir d'Protektioun emol virschloen.

RTL

Fir d'Kräizung Lëtzebuerger mat der Gréngewaldstrooss zu Heeschdref koum esou zimmlech all Effort ze spéit. Fort mat de Päerdsställ aus dem 17. Joerhonnert, fort mam Interieur vum Café Klein - d'Fassade erhale géif duergoen, sou d'Gemeng, déi d'Gebai ugangs ganz geschützt gehat hätt.

RTL

E Beweis, dass a ville Fäll de Sécherheetsfilet am neie Gesetz net méi géif gräifen. Well wann en Objet net vun der Gemeng, also iwwer de PAG geschützt wier, wier vun nationaler Säit aus schonn näischt méi ze maachen, sou d'Karin Waringo.

Fir esou eppes ze verhënnere proposéiert d'Petitioun e Moratoire: d'Gebaier vu virun 1957 missten d'Office geschützt ginn. Ob eppes an der Reunioun mat den Deputéierten erauskënnt, steet an de Stären, mee sécher ass: den Drock op d'Politik fir d'Erhale vum Patrimoine klëmmt.

Wéi funktionéiert den nationale Sécherheetsfilet? Leider funktionéiert dës Noutbrems net ëmmer, bedauert d’Karin Waringo

"Kommunale Schutz absolut wënschenswäert"

Karin Waringo

D’Karin Waringo mat Argumenter, firwat d’Erhale vun aler Bausubstanz vum ekologeschen hier méi sënnvoll wier

"Gebaier déi existéieren, solle weider genotzt ginn"

Karin Waringo

Dass aalt Gemaier nëmmen ëmweltschiedlech wier, léist d’Karin Waringo net gëllen, well fréier och schonn intelligent gebaut konnt ginn

"Fréier ass ganz anescht gebaut ginn"

Karin Waringo