Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Den Yves Bouvier verkeeft weider: Schwäizer Konschthändler verkeeft Freeport vu Singapur

De Schwäizer Konschthändler Yves Bouvier gëtt e weidert Stéck vu sengem inoffiziellen Titel als "Kinnek vun de Freeports" of.

Wéi Bloomberg schreift, huet de Geschäftsmann, deen och hannert dem Lëtzebuerger Freeport um Findel steet, d'Infrastrukture vum Freeport zu Singapur fir 28 Milliounen Dollar un e chineseschen Milliardär verkaf - domat wier eng Perte vun engen 70 Millioune verbonne gewiescht.

De Freeport zu Singapur ass bekannt als "asiatesche Fort Knox".

Den Yves Bouvier huet domat u sech nëmmen nach via seng Firma "Fortius" Participatiounen un der Struktur vum Lëtzebuerger Freeport, deen zënter 2 Joer offiziell "Luxembourg High Security Hub" heescht.

Et war viru quasi genee 10 Joer, wéi den 1. Spuedestéch fir de Freeport war, dat deemools a Presenz vum Yves Bouvier an de Ministere Luc Frieden an Etienne Schneider.

De Budget fir de Freeport mat sengen 22.000 Meter-Carré ass deemools op 55 Milliounen Euro chiffréiert ginn.

Ëmmer nees war de Geschäftsmodell an d'Scholde vum Freeport an der Aktualitéit - net méi spéit wéi den nächste Méindeg kënnt d'Finanzministesch Yuriko Backes an d'Chamberkommissioun Finanzen, fir op Demande vun der CSV Explikatiounen iwwert d'Zukunft vun der héich gesécherter Fräihandelszone ze ginn.