Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Der Natur geet et net gutt: Neie Naturschutzplang wëll Protektioun a Reparatioun

Wichteg Aarte ginn zeréck an d'Land bleift versigelt an zersidelt.

De Constat am Ëmweltministère ass kloer. Mam drëtten Naturschutzplang wëll ee géigesteieren an ënner anerem verstäerkt Fläche schützen a restauréieren. D'Detailer goufen en Donneschdeg de Mëtteg am Ëmweltministère presentéiert. All 5 Joer gëtt et sou e Naturschutz-Plang. Mat der leschter Feuille de route wiere vill Efforte gemaach a Succèse realiséiert ginn, ma et bléif Loft no uewen, sou den Echo am Héichhaus.

Op Basis vum Naturschutzgesetz gouf den neie Plang ausgeschafft, mat Acteuren aus de Beräicher Ëmwelt, Landwirtschaft, Ekonomie awer och mam Public, sou d'gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring: "Mir kruten 254 Remarken, dat ass vill. Déi waren och all nëtzlech. Zwee Drëttel dovunner goufen an de Plang agebaut."

D'Verbanne vu Liewensraim, fir datt Déierenaarte kënne migréieren. Dat ass eent vun den Haaptziler.

Ee Pilier am Naturschutz-Plang betrëfft d'Protektioun an do sollen d'Natura 2000-Zonen ausgebaut ginn.

De Gilles Biver, Regierungsconseiller am Ëmweltministère: "Dat quantifizéiert Ziel ass et, fir 30% Schutzgebidder ze erreechen. Mir sinn elo bei 27%, also net méi sou wäit ewech."

Beim Volet  Restauratioun geet et zum Beispill drëm, aarteräich Wisen a Bongerten nees hierzestellen. Wéi bei de Schutzzonen, setzt een hei virun allem op d'Mathëllef a Bereetschaft vun ëffentlechen Acteure wéi Gemengen: "Do deet sech sou lues eppes. Bei de Gemenge klëmmt d'Bewosstsin an et kommen ëmmer méi Aktkiounen am urbane Raum awer och an der Gringzon."

Awer och mat private Proprietäre soll verstäerkt den Dialog gesicht ginn, ënner anerem mat den Acteuren aus der Landwirtschaft. Och den internationalen Engagement ass Deel vum Plang. De Grand-Duché wäert sech weider dru bedeelegen, fir d'Biodiversitéit op globalem Niveau ze fërderen.

D'Fiche financière fir den neie Naturschutzplang läit bei knapp 800 Milliounen. Dat ass bedeitend méi, wéi fir de leschte Plang, allerdéngs deckt dat neit Dokument net 5, mä 7 Joer of.