Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dëschtennis EM-Qualifikatioun: Ouni Ni Xia Lian: Lëtzebuerg verléiert géint Serbien, ass awer Gruppenéischten

En Donneschdeg den Owend huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp hire 4. a leschte Match an der EM-Qualifikatioun gespillt.

No 3 Victoiren aus 3 Matcher an der Dräiergrupp mat Éisträich a Serbien stoung Lëtzebuerg schonns sécher als Gruppenéischte fest a stoung deemno en Donneschdeg den Owend géint Serbien net weider ënner Drock. Deemno war et aus der Siicht vun der FLTT-Selektioun och net grad esou schlëmm, datt mam Ni Xia Lian d'Lëtzebuerger Nummer 1 kuerzfristeg ausgefall ass. Amplaz vun der 59 Joer aler Weltklassespillerin huet d'Ariel Barbosa gespillt.

Et sollt deemno e gutt Stéck méi schwéier ginn an dat huet een och direkt am éischte Match gemierkt. Hei war d'Tessy Gonderinger (WR 264) nämlech dem Izabela Lupulesku (WR 135) mat 0:3 ënnerleeën.

Am zweete Match stoung d'Sarah De Nutte (WR 77) also schonns liicht ënner Drock géint d'Sabina Surjan (WR 100). Géint déi 22 Joer jonk Serbin, déi aktuell a richteg gudder Form ass, huet d'Lëtzebuergerin wuel den éischte Saz gewonnen, huet sech an der Suite awer mat 1:3 misse geschloe ginn. Deemno ass Serbien mat 2:0 a Féierung gaangen.

Am drëtte Match huet d'Ariel Barbosa (WR 328) bei hirer Première an der Lëtzebuerger Nationalekipp dann och keng Chance gehat géint d'Andrea Todorovic (WR 137). Deemno verléiert Lëtzebuerg de Match wuel mat 0:3 géint Serbien, ma déi éischt Plaz an der Grupp an domat d'Qualifikatioun fir d'EM hat ee sech jo schonns virun dësem Match geséchert. Serbien schléisst d'Gruppephas als Zweetplacéiert of, déi drëtt a lescht Plaz geet un Éisträich mat der Eeenzel-Europameeschterin Sofia Polcanova.