Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dëschtennis: Lëtzebuerger Champion leet Protest an europäescher Kompetitioun an

Am Dëschtennis war Hueschtert-Folscht beim Europe Trophy zu London an England engagéiert.

Um Enn kënnt de Lëtzebuerger Ekippechampion mat enger Victoire, zwou Defaiten an enger drëtter Plaz am Schlussklassement nees heem. A priori hätt dat d'Eliminatioun aus dëser europäescher Kompetitioun bedeit, elo steet awer e Protest am Raum.

Dëschtennis Hueschtert-Folscht/Reportage Franky Hippert

Am Grupp vun Hueschtert-Folscht koumen d'Ekippen aus England, Holland an der Belsch. D'Englänner haten awer e Spiller agesat, deen net op der Lëscht vun der europäescher Dëschtennisfederatioun fir dës Kompetitioun stoung, esou d'Sandra Linster, d'Delegatiounscheffin vum Lëtzebuerger Dëschtennischampion.

"Dësen Ëmstand huet e Comitésmember deen Dag duerno zu Lëtzebuerg erausfonnt, wou hien d'Resultater méi genau analyséiert huet. Mir kruten dunn iwwer Telefon d'Situatioun, wéi se ass, matgedeelt an hunn dunn zesumme mat den Englänner e Vermierk um Arbitterbou gemaach. D'Englänner haten dëse Spiller wuel ganz kuerzfristeg per Mail nogemellt an och wärend all Matcher um Weekend agesat, obwuel se nach keng Äntwert vun der ETTU krut haten."

Den Ausgang vun deem Protest ass jiddwerfalls op. "Do ass et effektiv un der ETTU, fir ze kucken, wat an esou engem Fall geschitt, an ob nach nodréiglech eppes un de Resultater geännert gëtt oder net."

Vum sportlechen hier war et bis dato eng flott Experienz fir d'Spiller vun Hueschtert-Folscht, seet d'Sandra Linster.

"Ech denke besonnesch fir de jonke Mäel van Dessel goufen et e puer ganz gutt Matcher, wat sécherlech wichteg ass, fir Erfarung um internationalen Niveau ze sammelen."

Et muss een deemno beim Lëtzebuerger Champion elo emol ofwaarden, wéi et am Europe Trophy weidergeet. Just déi zwee éischt vum Weekend kommen en Tour weider. Am Moment ass Hueschtert-Folscht nach op der drëtter Plaz. Wann d'Englänner, déi Zweet sinn, hir Punkte géife verléieren, wären d'Lëtzebuerger déi Zweeten an d'europäesch Aventure kéint an déi nächst Ronn goen.