Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Drénkwaasser zu Lëtzebuerg: Schützen, spueren, nei Ressourcen erschléissen

No iwwer 40 Joer ass den Ament fir déi zweete Kéier eng Weltwaasserkonferenz vun de Vereenten Natiounen zu New York.

Ouni Waasser kee Liewen

Waasser ass ee Mënscherecht, esou de Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen António Guterres. Eng vu 4 Persounen op der Welt huet den Ament keen Zougang zu propperem Drénkwaasser.

Datt d’Waasser déi wichtegst Ressource op der Äerd ass, do ware sech d’Vertrieder aus der ganzer Welt eens. Ouni Waasser, kee Liewen. De Rapport vum Weltklimarot, deen ugangs der Woch presentéiert gouf, géif d’Urgence weisen. Iwwerschwemmungen, Dréchenten, alles Phenomener déi mer méi heefeg an intensiv wäerten erliewen. D’Weltgemeinschaft wier gefuerdert, esou den UN-Generalsekretär. Potentiell politesch Konflikter wéinst Waasserknappheet gëllt et, gemeinsam ze verhënneren. Fir Lëtzebuerg huet d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring zu New York geschwat.

Drénkwaasser zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ginn 120 Millioune Liter Waasser den Dag gebraucht. 60 Prozent verbrauchen d'Stéit, 23 Prozent d’Industrie a jee knapp 8 Prozent Landwirtschaft an d'Fuitten am Reseau.

Eng Persoun brauch knapp 100 bis 120 Liter Waasser den Dag fir de perséinleche Gebrauch. 50 Prozent vum Drénkwaasser zu Lëtzebuerg kommen aus dem Grondwaasser, dat aus 280 sougenannte Grondwaasserfassungen (Buerungen + Quellen + Pëtzen). Déi aner Hallschent vum Lëtzebuerger Drénkwaasser kënnt aus dem Stauséi.

Uechtert d’ganz Land si ronn 450 Waassertierm verdeelt. An dësen Tierm gëtt d’Waasser gespäichert. 4600 Kilometer Leitunge bréngen d'Waasser an déi 180.000 Stéit.

Efforte fir Drénkwaasser zu Lëtzebuerg

Zanter dem 1. Januar huet Lëtzebuerg een neit Drénkwaassergesetz. Hei am Land misste weider Efforte gemaach ginn, fir Waasser ze spueren an och fir d’Sourcen ze protegéieren, dat sot d’Ëmweltministesch am RTL-Interview. D'Joëlle Welfring ass den Ament op der Weltwaasserkonferenz zu New York.

D’Grondwaasser wier op engem stabillen Niveau, esou d’Brigitte Lambert Responsabel vun der Divisioun Drénk- a Grondwaasser vum Waasserwirtschaftsamt. Dat géif awer net heeschen, dass een an den nächste Jore géif een Defizit kréien. D’Zäitfënster gëtt méi kleng, wou sech d’Grondwaasser ka fëllen. D’Vegatiounsphasë verlängere sech. A Frankräich hätt ee schonn a verschiddene Regiounen, Enkpäss an der Waasserversuergung gehat, dat géif weisen, dass et net ee renge Problem fir Länner ass, déi méi wäit ewech sinn.

Drénkwaasser aus der Musel

An de leschte Jore war ëmmer nees Rieds, fir och Drénkwaasser aus der Musel opzewäerten. Dat mat der Prognosen, dass de Klimawandel en negativen Impakt op d’Drénkwaasser hätt, Lëtzebuerg awer weider wiisst, ekonomesch an och d’Bevëlkerung. Fir d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring wier d’Léisung “Musel-Drénkwaasser” déi “interessantst” Alternativ, wa weider Ressource missten erschloss ginn. Etudë géife lafen, et wéilt ee fir den Horizont 2040 prett sinn.

Op Nofro beim Waasserwirtschaftsamt krute mer gesot, dass technesch alles méiglech wier, och eng Opbereedung vum Muselwaasser. Et wier eng Käschtefro, Qualitéitskrittäre fir Drénkwaasser wieren extrem streng zu Lëtzebuerg.