Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Een Awunner an zwee Pompjeeë blesséiert: Gréissert Feier an der Rue CM Spoo zu Esch

Déi éischt Leit hunn de Brand tëscht 7 a 7.30 Auer bei der Police gemellt.

Gebrannt huet et an engem eeleren ugebauten Haus. Eng Persoun, déi do gewunnt huet, ass vun de Leit op der Plaz erausgedroe ginn. Si koum schwéier blesséiert an d'Spidol. Donieft sollen och zwee Pompjeeë blesséiert gi sinn. Och d'Awunner aus den Nopeschhaiser goufen evakuéiert.

D'Stroossen an der Géigend hu wéinst dem Pompjeesasaz misse gespaart ginn. Op Biller an de soziale Medie waren héich Flamen um éischte Stack an eng staark Dampentwécklung ze gesinn.

De Materialschued ass héich, d’Haus wier komplett ausgebrannt, wéi mer op Nofro hin gesot kruten. Esou missten och Bewunner relogéiert ginn, huet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo, dee selwer op der Plaz war, confirméiert. Iwwert d'Brandursaach ass zu dësem Ament nach näischt gewosst.