Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ëffentlechen Debat: Wéi ee Choix kréien d'Eltere fir hir Kannerbetreiung?

An der Chamber war eng ëffentlech Debatt iwwer e Sujet, deen am Ganze schonn an e puer Petitiounen thematiséiert gouf.

Et geet do virop ëm eng Fro vun Choix.

D‘Petitioun 2512 fuerdert nämlech, dass Famille selwer sollen dierfen entscheeden, wéi hir Kanner versuergt an erzunn ginn. Se sollen also de Choix hunn, entweder een Elteregeld bezuelt ze kréien, wat aktuell jo net méiglech ass oder hiert Kand an eng Crèche oder eng Maison Relais ginn.

De Petitionär Luc Firmin Martiny erkläert:
„Dofir fuerderen ech eng Aart Elteregeld, wéi eng Elterenzäit ze schafen, also den Choix fir d‘Konzept vun engem staarken Encadrement ze fërderen. Sou hätten d‘Institutioune punktuell och manner Kanner, méi gezielten Zäit, besseren Personalschlëssel, fir hirem pedagogeschen Optrag besser kënnen gerecht ze ginn.“

D‘Kanner mussen am Mëttelpunkt vum Handele vun den Erwuessene stoen, sou de Petitionär.

„Dofir fannen ech et schonn heiansdo bësse Schued säitens der Regierung, wann Argumenter kommen wéi vun eisem Här Bildungsminister wéinst der Chancëgläichheet mussen mer dat sou maachen. Oder vun eiser Madamm Familljeministesch keen soll den Zwang hunn, wielen ze mussen tëscht eise Kanner an der Aarbechtswelt. Dozou soen ech: am Prinzip net falsch, mee d‘Leit sollten de Choix hunn, wéi se hiert Liewen wéilten organiséieren.“

Eng ganz Rei wichteg Froe goufen awer nach net beäntwert:

Wéi vill Kanner ginn eigentlech aktuell an den Maison Relaisen a Crèchen uechtert d'Land betreit?

Wéi vill Kanner sinn nach op Waardelëschten?

Wat kascht e Kand an enger Maison Relais eigentlech de Staat?

An wéi kann een an Zukunft de Leit e reellen Choix oder eng Alternativ an der Kannerbetreiung bidden?

Fir Chifferen ze liwweren an dem Debat e richtege Suivi ze ginn, kommen den 18. Abrëll déi zwou zoustänneg Chamberkommissiounen vun der Educatioun an der Famill beieneen. Do sollen d'Ministeren Claude Meisch a Corinne Cahen eng Analys vun der Situatioun maachen an eventuell Alternativ Pisten opzeechnen.

En Vu vun de Walen läit de Ball duerno och bei de Parteien a wat si de Familljen an hiren jeeweilege Walprogrammer fir Optioune bidden.