Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Éischten Moustiquen-Atlas: Zu Lëtzebuerg ginn et am Ganzen 28 verschidden Zorten

D'Ekipp vum Naturmusée huet tëscht 2019 an 2021 recherchéiert, wéi vill Zorte vu Moustiquen et hei am Land ginn a wou se virkommen.

Zu Lëtzebuerg ginn et am Ganzen 28 verschidden Zorten. Fënnef goufen der eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg registréiert. Dobäi gouf och eng invasiv Méckenzort fonnt: d'japanesch Tiger-Moustique. Dës Zort hat schonn 2018 eng éischter Kéier zu Lëtzebuerg hiert Onwiese gedriwwen. Eng 15 Zorte kënne potenziell Krankheeten oder Parasitten iwwerdroen a kéinten e Risiko fir Mënsch an Déier duerstellen. D'Santé hat dës Etüd kofinanzéiert.

RTL

Larval sampling / © Christian Ries

Dem Direkter Jean-Claude Schmit no ass virun allem am Raum Rëmerschen, wéinst de Baggerweieren, eng Héich Zuel vu Moustique present. Et sinn awer och Villercher, déi zum Beispill den West-Nil-Virus kënnen a sech droen. Wa si gepickt ginn, kann de Virus op d'Méck iwwergoen an déi kann deemno wéi de Mënsch domat ustiechen. Bis ewell wär dat nach net de Fall gewiescht, betount den Dr. Schmit. D'Santé géif dat awer genee am A behalen. Wann néideg kéinten Näschter vun der japanescher Moustique eliminéiert ginn.

Eng aner Krankheet, déi vu Moustiquen iwwerdroe ka ginn, ass d'Dengue-Féiwer. Dat ass eng tropesch Krankheet, déi een op verschiddene beléiften Touristendestinatioune kréie a potenziell mat op Lëtzebuerg brénge kéint. Eng Iwwerdroung hei am Land gouf vun der Santé awer nach net registréiert.