Nodeems d'Lëtzebuerger Dëschtennis-Dammen e Freideg beim Optakt vun der Ekippe-WM zu Chengdu a China fir eng grouss Iwwerraschung gesuergt a géint Südkorea gewonnen haten, ass eng weider Iwwerraschung e Samschdeg ausbliwwen. Géint Singapur, déi an der Grupp hannert Südkorea op Plaz 2 gesat sinn, hu sech FLTT-Damme misste mat 0:3 geschloe ginn.
D'Sarah De Nutte huet hiren Eenzel mat 1:3 verluer, d'Ni Xia Lian war hirer Géignerin mat 2:3 ënnerleeën an d'Tessy Gonderinger huet mat 0:3 de Kierzere gezunn.
E Sonndeg de Moien um 7 Auer eiser Zäit spillt Lëtzebuerg am drëtte Match géint den Iran. Hei ass eng Victoire Flicht. An e Méindeg ass et dann um 13 Auer dee leschte Gruppematch géint Thailand.
PDF: Schreiwes FLTT