Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EM-Qualifikatioun: Frankräich klappt Holland, Tschechien iwwerrascht Polen

Weider gouf et eng kloer Victoire vun der Belsch géint d'Schweden an och Montenegro, Griichenland, Éisträich a Serbien konnten 3 Punkte feieren.

E Freideg ass et d'Suitte vum éischte Spilldag vun dëser Campagne. D'Lëtzebuerger ware schonn en Donneschdeg mat engem 0:0 an der Slowakei an d'Campagne gaangen an de Spëtzematch vum Spilldag haten d'Englänner bei den Italiener gewonnen.

Grupp B

De Finalist vun der leschter Weltmeeschterschaft wollt doheem direkt weisen, datt si den Toppfavorit an dëser Grupp sinn. Schonn no 8 Minutte waren d'Fransouse mat 2:0 a Féierung. Fir den éischte Gol hat den Mbappé de Griezmann gutt an Zeen gesat an beim 2:0 krut den Upamecano en ofgefälschte Ball direkt virun d'Féiss. De Star vun der Ekipp Kylian Mbappé huet dann no 21 Minutten no enger gudder Pass vum Tchouaméni op 3:0 erhéicht. Eréischt no 33 Minutten haten d'Hollänner a Persoun vum Depay eng gutt Chance, hien hat awer knapp laanscht de Gol geschoss. 3 Minutte méi spéit huet de Cillessen am Gol vun den Hollänner da géint de Konaté gerett. Esou goung et mat enger verdéngter 3:0-Fierung fir eis Noperen an d'Paus. Och nom der Paus hunn d'Hollänner keng Reaktioun gewisen an och vun de Fransouse koum manner no Vir, bis an der 88 Minutt den Mbappé sech eleng duerchsetzen an op 4:0 erhéije konnt. Et ass bei den Hollänner einfach guer net gelaf, well an der 94. Minutt krute si wéinst engem Foul en Eelefmeter, deen e bëssi Schmink op d'Resultat hätt kéinte maachen, ma den Depay krut de Ball vum Punkt net laanscht de Maignan am Gol vun de Fransousen, esou datt et beim 4:0 fir Heemekipp blouf.

Grupp E

Wann een ee Fazit aus den éischte 45 Minutte vun dëser Partie zéie kann, ass et, datt d'Polen de Start komplett verschlof hunn. E laangen Aworf an de Käpper vum Krejci hunn direkt an den éischte Sekonne vun der Partie den 1:0 bedeit an knapp 2 Minutte méi spéit huet de Jurasek den Cvancara an Zeen gesat, deen nach just de Keeper am 1 géint 1 huet misste stoe loossen. Iwwerhaapt waren d'Tschechen déi besser Ekipp, si haten och dono nach zwou gutt Chancen, an d'Pole koume just zu enger gudder an den éischte 45 Minutten. Laang sollte keng Goler falen, ma knapp iwwert eng Stonn nom 2:0 huet de Kuchta fir säi Land esouguer nach konnten och 3:0 erhéijen. D'Awiesslunge bei Polen hunn dunn eppes bruecht, well den Szymanski huet an der 87. Minutt, 11 Minutte nodeem hien op den Terrain koum, op 1:3 verkierzt. Bei dem Score sollt et awer bleiwen.

Grupp F

D'Belsch haten an den éischte 45 Minutten méi an och déi besser Chancen. Nodeem de Lukébakio an den Theate hir Chance leie gelooss haten, huet de Lukaku an der 35. Minutt eng Virlag vum Lukébakio genotzt, fir d'Diables Rouges a Féierung ze bréngen. Mat deem Score goung et och an d'Paus. Direkt mat der éischter Chance nom Säitewiessel waren nees béid Männer um Gol bedeelegt. De Lukaku stoung no gudder Viraarbecht quasi eleng direkt virum Gol. D'Schwede koumen net wierklech an de Match an hunn d'Belsch ni richteg a Gefor bruecht. A wie soss, wéi de Lukaku, sollt an dëser Partie nach eng weider Kéier treffen. Dëst Kéier koum d'Virlag awer vum Bakayoko, dee fir de Lukébakio agewiesselt gouf. An de leschte Minutte sollt sech um Resultat näischt méi veränneren.


1:0 Sabitzer (28'), 2:0 Gregoritsch (29'), 3:0 Sabitzer (50'),3:1 Mahmudov (64'), 4:1 Baumgartner (69')

Grupp G