Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Energiekris: Den Index eleng geet net duer, fir de Betriber ze hëllefen

Mir spieren d'Energiekris all Dag, seet de Luc Meyer, Chef vun der Metzlerei vu Käerjeng. Dowéinst huet säi Betrib eng staatlech Kompensatioun ugefrot.

Mir spieren d'Energiekris all Dag, seet de Luc Meyer, Chef vun der Metzlerei vu Käerjeng. Hien huet vun der Porte ouverte vun de Betriber profitéiert, fir d'Situatioun vu Betriber ewéi sengem ze beschreiwen: si géinge mat Stroum killen, an de Gas brauchen, fir ze hëtzen, ze kachen an ze spullen. Elo scho géinge si méi wéi dat duebelt bezuelen, wéi zejoert. Spuere kéint ee schonn, mee een eenzege Grad manner am Killen, kéint schonn d'Liewensmëttelsécherheet implizéieren, sou de Luc Meyer, Patron vum iwwer 100 Joer ale Käerjenger Familljebetrib. Einfach hätte si et definitiv net.

De Käerjenger Metzler huet eng 100 Leit fir hie schaffen, a säi Betrib ass och scho méi wéi 100 Joer an der Famill. Hei baut een op d'Mataarbechter. Op den haut, an de muer natierlech och; op Léierbouwen a Meedercher… mee dat leeft schonn eng Zäit net méi wéi et soll. Dofir froe si eng staatlech Kompensatioun.

Als Patron misste si onbedéngt hir Salariéeë behalen, et hätt ee scho wéinst Corona dropgeluecht, an dofir erwaarde si sech elo eng Kompensatioun vum Staat. Den Index eleng géing do net hëllefen.