Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Eng Legend am Horror-Genre: De George P. Wilbur, alias "Michael Myers", ass gestuerwen

Den US-Stuntman a Schauspiller war virun allem dofir bekannt, d'Roll vum Michael Myers an enger Partie "Halloween"-Filmer gespillt ze hunn.

De George P. Wilbur ass 81 Joer al ginn. De Christopher Durand, deen och Stuntman an der "Halloween"-Serie war, huet den Doud vum Schauspiller matgedeelt, dat mellt och de "Mirror" a Groussbritannien. E Mëttwoch ass de Wilbur scho gestuerwen.

RTL

© Collection ChristopheL via AFP

Schonn 1966 huet de George P. Wilbur seng Filmkarriär lancéiert, dat mat enger Roll am Film "El Dorado". Bei Halloween IV an Halloween VI huet hien de Michael Myers, den Antagonist vun de Filmer verkierpert, eng vun de wuel bekanntesten a beléiftste Figuren aus dem Horror-Genre. Bei Halloween V war hien iwwregens de Stuntman fir den Duersteller Don Shanks.

Am Ganzen huet hien an iwwer 100 Fernsee- a Filmprojete matgeschafft, dorënner am Planet of the Apes-Film aus dem Joer 1971 oder Ghostbusters II aus dem Joer 1989. An den 90er Joren dann huet hie senger Karriär en Enn gesat, ass awer fir kleng Rollen an de Joren 2012 an 2014 erëmkomm.