Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Eng nei Famill fannen: Hënn aus dem Ausland adoptéieren oder Lëtzebuerger Asyler ënnerstëtzen?

Dacks ginn Déiereschutzassociatiounen dofir kritiséiert, Déieren aus dem Ausland a Lëtzebuerg ze vermëttelen, obwuel och d'Asyler hei am Land iwwerlafen.

Si maache Knascht, kommen heeschen, sinn ofgemoert a schwaach. Ronn 600.000 Hënn liewen a Rumänien op der Strooss. Zanter 2013 gi si a ville rumänesche Stied agefaangen an a staatlech Déierenasyler bruecht, wou si no 14 Deeg doutgemaach dierfe ginn. Dat op legaler Basis.

Vill Déiereschutzorganisatioune setze sech dofir an, d'Hënn a Rumänien virun de sougenannten "Tötungsstatiounen" ze retten, esou och zu Lëtzebuerg. Offiziellen Donnéeë vum Agrikulturministère no hu 7 vun 21 registréierten Déiereschutzassociatiounen 2022 Hënn aus Rumänien mat an de Grand-Duché bruecht. Si stinn a Kontakt mat Déierenasyler oder privat Persounen a Rumänien an organiséieren d'Vermëttlung vun den Hënn aus den iwwerfëllten Asyler.

Vu 546 Hënn, déi 2022 offiziell am TRACES registréiert goufen, koumen 358 aus Rumänien. Dës sinn allerdéngs just déi Hënn, déi iwwert de kommerziellen Handel a Lëtzebuerg koumen. Dem Déiereschutzgesetz vum 6. Juni 2018 no brauchen Déiereschutzorganisatiounen hei am Land eng Autorisatioun vum Landwirtschaftsministère fir eng "Activité commerciale", wourënner och d'Vermëttlung vun Déiere fält, a mussen d'Déieren am "TRAde Control and Expert System" vun der EU registréieren. Privat Persoune musse fir eng Adoptioun vun engem Hond aus dem Ausland allerdéngs net gemellt sinn, wouduerch ee vun enger héijer Donkelziffer ausgeet, wéi den Dr. Félix Wildschutz vum Landwirtschaftsministère erkläert. Nieft de Muppen aus Rumänien ginn am meeschten Hënn aus Malta a Bulgarien a Lëtzebuerg importéiert. Déi privat Importer komme virun allem aus eisen Nopeschlänner, wéi et aus den Zuele vum Landwirtschaftsministère ervirgeet.

Ma och d'Lëtzebuerger Asyler kommen dacks un hir Limitten a sinn iwwerfëllt. Esou ginn Déiereschutzassociatiounen ëmmer rëm kritiséiert, ob net genuch Hënn an eisen Asyler wieren, déi adoptéiert misse ginn. Fir d'Isabelle Michels vun der Street Souls ASBL, mat där mir eis am Magazin d'Situatioun a Rumänien ugekuckt hunn, ass "fir d'éischt emol all Hond gläichgestallt. Et ass ee Liewewiesen a fir eis sinn d'Muppen all gläich an egal wou een hëlleft, ass et gutt". Donieft géing si awer och bemierken, "dass vill vun eisen Adoptanten och emol fir d'éischt an d'Lëtzebuerger Asyler kucke waren. Sech déi Muppen ugekuckt hunn, do awer einfach net dee Moment de passende fonnt hunn. An dee Moment, well si dann awer weider wëllen adoptéieren, gi si dann oft op de Wee en Hond aus dem Ausland ze adoptéieren. Mir huelen deene Muppen u sech net eppes 'ewech'. Dat kënnt gären heiansdo esou eriwwer."

Kritik un Déiereschutzorganisatioune wéinst dem Import vun Hënn aus dem Ausland

Fir d'Isabelle Michels vun der Street Souls ASBL ass "all Hond gläichgestallt" an et géing een de Muppen hei am Land net eppes "ewech" huelen.


En anere Grond, firwat sech vill Leit, déi sech e Mupp wënschen, un Déiereschutzorganisatiounen oder privat Persoune wenden, sinn d'Adoptiouns-Krittäre vun den Asyler. Dacks sinn déi privat Oploen, déi déi potentiell Besëtzer erfëlle mussen, manner streng, och wann och si sécher goe mussen, datt d'Déier herno a gudden Hänn ass. Hei e Beispill vum Kontrakt vun der Street Souls ASBL.

Allerdéngs kënnt et ëmmer erëm vir, datt Déieren, déi aus dem Ausland vermëttelt goufen, an Asyler hei am Land ënnerkomme mussen. Trotz Proufzäit mierke vill Familljen, datt se dach net "mat den Hënn eens ginn", déi dacks de Kontakt mat Mënschen net gewinnt sinn oder vill negativ Erfarunge gemaach hunn an doduerch vill Zäit an Opmierksamkeet brauchen, erkläert eis d'Gaasperecher Asyl. Obwuel vill Associatioune fir esou Fäll am Kontrakt mat den neie Besëtzer festhalen, datt de Mupp zréck u si muss goen, ginn d'Hënn a Lëtzebuerger Asyler bruecht. Och emol, well d'Organisatioun d'Déier net wéi ofgemaach, zréckhëlt, wat awer éischter seele virkënnt, wéi den Diddelenger Asyl erkläert.

RTL

Eng genee Zuel, wéi vill Hënn aus Rumänien a Lëtzebuerg an den Asyler opgeholl ginn, kënnen d'Diddelenger an d'Gaasperecher Asyler net nennen. Dacks weess ee jo net, vu wou d'Hënn kommen, wa se fonnt goufen. Donieft variéiert d'Zuel vu Joer zu Joer, ma eng 2 bis 3 rumänesch Hënn géing een d'Joer schonn ophuelen. Hunn d'Lëtzebuerger Asyler keng Plaz fir d'Déier, "klappe si och bei aneren Associatiounen un, fir selwer Ënnerstëtzung ze kréien", heescht et weider. Esou datt keen Déier am Grand-Duché muss op der Strooss landen.

Wichteg ass et awer och sech bei der Adoptioun vun engem Hond aus dem Ausland iwwer d'Associatioun z'informéieren. Dacks geet et nämlech net ëm d'Wuel vum Déier, mä ëm de Profit. Esou gi masseweis Stroossenhënn ënner schlechte Konditiounen an déi westlech Länner transportéiert.

Fir d'Sarah El Khal, Responsable chiens adjointe vum Diddelenger Asyl, muss een de Problem vun der Iwwerpopulatioun vu Stroossenhënn allerdéngs un der Wuerzel upaken an a Länner wéi Rumänien oder Spuenien op de Wee vu Kastratiounscampagnë goen, wéi et zu Lëtzebuerg bei de Kazen de Fall ass.

Ob een en Déier aus dem Ausland adoptéiert oder eent aus engem Lëtzebuerger Asyl, et muss ee sech bewosst sinn, datt en Déier ëmmer vill Opmierksamkeet brauch an ee sech säi Liewe laang drëm këmmere muss.