Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Entspriechend Mesurë presentéiert: D'Stad Lëtzebuerg wëll bis de Mäerz 15% Energie spueren

Ëffentlech Gebaier gi manner gehëtzt. D’Temperatur an de Schwämmen oder Sportshale gëtt erof gesat a bei der Beliichtung gëtt reduzéiert.

De Waassertuerm zu Gaasperech bleift aus, ausser fir bei speziell Evenementer, grad esou d’Fassad vum neie Stadion, oder déi ëffentlech Gebaier, déi bis op de Cercle, net méi d’office beliicht ginn.

RTL

D’Beemercher op der Plëss hu bis ewell 19 Stonnen den Dag geliicht, dat geet op 6 Stonnen erof. Dat selwecht gëllt och fir d’Chrëschtzäit. Sou spuert een eleng bei der Chrëschtbeleuchtung 66%.

Eng Äispist gëtt et dëst Joer och net. Déi huet bal een Drëttel vum Stroumverbrauch vun de Chrëschtmäert ausgemaach. D’Heizstraler ginn op de Chrëschtmäert och verbueden.