Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Erneierbar Energie: Gekierzten Delaie fir Autorisatiounen

D'Delaie fir d'Autorisatioun vum Bau vun Installatiounen, déi erneierbar Energie produzéieren, si verkierzt ginn.

Wéi et an engem gemeinsame Communiqué vum Inneministère a vum Energieministère heescht, hätt een d'Gemengen iwwer en entspriechend EU-Reglement vum 22. Dezember zejoert informéiert. Dëst gouf als Reaktioun op de Krich an der Ukrain an déi domadder verbonnen Hausse vun den Energiepräisser decidéiert.

D'Gemenge mussen elo spéitstens 3 Méint no enger Demande eng Autorisatioun fir esou eng Installatioun erausginn oder ëffentlech matdeelen, firwat et keng Autorisatioun gëtt. Dat gëllt fir de Bau vun Ekipementer fir Solarenergie a co-lokaliséierten Installatiounen fir Energie ze späicheren.
Bei Photovoltaik-Anlage mat enger Kapazitéit vu bis zu 50 Kilowatt ass den Delai fir eng Decisioun souguer just ee Mount. Gëtt et an deem Delai keng Äntwert vun der Gemeng, gëllt dat als eng Autorisatioun. Och bei Demande fir eng Wärmepompel z'installéieren dierf d'Autorisatioun – oder de Refus - net méi ewéi ee Mount op sech waarde loossen.
Déi gekierzten Delaie gëllen net wann Denkmalschutz oder protegéiert Secteuren an d'Spill kommen.