Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Et gëtt eng weider Tripartite aberuff: Am Laf vum Joer soll eng weider Indextranche erfalen

De Statec huet e Mëttwoch seng nei Previsioun fir d'Inflatioun vun dësem an nächstem Joer publizéiert.

Dës soll dëst Joer bei 3,4 Prozent an d'nächst Joer bei 4,8 Prozent leien. Wéi de Staatsministère an engem Schreiwes matdeelt, géif aus dësen Zuelen ervirgoen, dass dëst Joer eng weider Indextranche erfale soll. Dat viraussiichtlech am véierten Trimester. Mat der Tranche, déi elo am Februar erfall ass an där vun zejoert, déi jo op den Abrëll verréckelt gouf, sinn et elo insgesamt 3 Tranchen, déi dëst Joer erfalen.

Eng nei Tripartite fir zousätzlech Sécherheet fir d’Leit a Betriber: eis Mesurë wierken, mir hunn déi niddregst Inflatioun an der Eurozon. Mir wäerten d’Kafkraaft an d’Aarbechtsplazen och iwwert d’Enn vum Joer eraus ofsécheren. pic.twitter.com/ba3orqQbPt

— Xavier Bettel (@Xavier_Bettel) February 8, 2023

De Staatsminister berifft dann an den nächste Wochen eng weider Tripartite an. Am leschten Tripartitesaccord hat d'Regierung sech géintiwwer de Sozialpartner jo dozou engagéiert, datt de Staat de Betriber eng drëtt Indextranche kompenséiere géif.

Op der nächster Tripartite wëll d'Regierung mat de Sozialpartner iwwer d'Modalitéite vun enger méiglecher Kompensatioun vun enger eventueller weiderer Indextranche schwätzen, déi integral fir d'Stéit applizéiert soll ginn.