Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Etüd zu der Liewensqualitéit: Bierger wëlle manner Trafic an d'Parkplaz virun der Dier

Wat déi zukünfteg Gestaltung vum Lëtzebuerger Territoire ugeet, hunn d'Bierger deels kontradiktoresch Wënsch.

Etüd Ilres mat Bléck op d'Landesplanung

Fir de Gros vun de Leit zu Lëtzebuerg ass en Accès zu Gréngfläche fir eng gutt Liewensqualitéit wichteg. Dat geet aus enger Etüd iwwert déi subjektiv Liewensqualitéit vun de Bierger ervir, déi d'Ilres am Optrag vum Ministère fir Landesplanung duerchgefouert huet. An der Etüd iwwert d'Gestaltung vun de Quartieren, respektiv d'Versigelung vum Buedem geet ervir, wéi sech d'Bierger dës géinge virstellen, net awer ob si selwer bereet wieren, dat muer ëmzesetzen.

Am Land ass een an engem Spannungsfeld, tëscht d'Wirtschaft weider entwéckelen, abordabele Wunnraum schafen a weider eng gutt Liewensqualitéit garantéieren. Wéi dat soll ëmgesat ginn, goufe jee 1.000 Bierger an zwou representativen Etüde gefrot.

Einfach zefriddenzestelle sinn dës net, wat d'Ëmsetze vu Projeten erschwéiert. Den Tommy Klein, Direkter vun Ilres, erkläert, datt géing opfalen, datt net all d'Äntwerte koherent wieren. D'Bierger wéilten zum Beispill manner Trafic. Op där anerer Säit awer och eng Bushaltestell an eng Parkplaz virun der Dier.

Generell wënschen d’Leit sech Proximitéit zu der Natur an, datt et propper a roueg ass. Awer och, datt Commercen do sinn an eng gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport. De Grénge Minister fir Landesplanung Claude Turmes seet, et géing nach un der richteger Planung no vir feelen. Bei grousse Quartiere géing dat scho gemaach ginn, manner awer a Quartieren déi et scho ginn. "Do hu mer haut e bëssi Wild West. D'Bomi stierft, de Promoteur keeft. An da gëtt probéiert e Maximum u Benefice ze maachen. Mee dat ass villäicht net ëmmer flott fir déi Leit, déi am Quartier wunnen". Bestoend Quartiere sollen zum Avantage vun de Bierger amenagéiert ginn, fir d'Liewensqualitéit ze verbesseren. Projete ginn et zum Beispill zu Déifferdeng oder um Belval, wou ee wëll méi Gréngs hikréien.

Fir den zukünftege Wuesstem hätt een dann och nach Méiglechkeeten. Et missten déi Terraine genotzt ginn, déi do sinn. Et hätt ee 600 Hektar versigelt Fläch a Form vun industrielle Frichen, sou de Minister. Awer och op der Friche commerciale zu Féiz wëll ee Wunnraum schafen. Sou géing een net permanent neit Gréngs zoubetonéieren. Doriwwer eraus sollen nei an och bestoend Quartiere besser un d'Natur ugebonne ginn. Verschidde Stroosseninfrastrukturen hätten hei nämlech dacks den Zougang ofgeschnidden.