Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EU-Energieministeren: Realistesch a manner realistesch Mesuren

D'EU-Energieministeren diskutéieren e Freideg iwwer d'Präisdeckelen, eng Ëmverdeelung vun Iwwerprofitter an iwwer finanziell Ënnerstëtzung fir d'Betriber.

3 verschidden Dossieren, déi mer hei graff resuméieren.

EU-Energieministeren e Freideg zesummen/Rep. François Aulner

Fänke mer mat der Iddi un, fir d'Präisser vu Gasimporter ze deckelen.

15 Memberstaaten hunn dat per Bréif gefuerdert. Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Iddi, mee nëmme sous condition, datt kee Land riskéiert, dowéinst de Gas zougedréint ze kréien. Et ass nämlech sou: Wéi Spuenien de Stroumpräis bei sech gedeckelt hat, huet Frankräich du subventionéierte Stroum aus Spuenien kaf. Spuenien huet dowéinst Frankräich de Krunn och zougedréint. Aus deem Grond huet de Premier sech e Mëttwoch an der Chamber opgereegt, ewéi d'Piraten gefuerdert hunn, datt Lëtzebuerg de Präisdeckel um Gasimport ënnerstëtzt. De Xavier Bettel sot, dat wier de Fall, mee nëmme well Lëtzebuerg d'Garantie krut, datt de Bannemaart net a Fro gestallt ass.

De Präisdeckel op Gasimporter huet trotzdeem wéineg Chancen, Realitéit ze ginn. Länner ewéi Däitschland sinn dogéint, haaptsächlech aus deem Grond, datt Exportateure riskéieren, hire Gas einfach un aner Länner ze verkafen, déi keen Deckel hunn. Aus deem Gronn huet den Energieminister Claude Turmes och gesot, hie wéilt de Sujet op enger Reunioun vun der internationaler Energieagence op d'Dagesuerdnung setze loossen, wou och aner Clienten ewéi Japan a Südkorea an Exportlänner mat um Dësch sëtzen. D'Exportland Norwegen (Net-EU-Member) hat iwwregens Skepsis zu Gaspräis-Deckele geäussert: dat géing nämlech de fundamentale Problem net léisen an zwar, datt an Europa einfach net genuch Gas do ass.

Méi realistesch ewéi de Präisdeckel op Gasimporter ass dann d'Ëmverdeelung vu Superprofitter.

D'EU hofft, datt Konzerner keng Schlupflächer fannen, mee dat soll iwwer zwee Weeër goen: engersäits solle Profitter vu Firmen, déi Gas, Kuel a Pëtrol fërderen oder raffinéieren dëst Joer ëm extra 33% besteiert ginn, wa se 20% méi Profit maachen ewéi d'lescht Joer. Op der anerer Säit solle gewëss Revenue vu Fournisseuren, déi Stroum mat anere Produite produzéieren (ewéi Wand, Solar, Waasser, Atom), un de Staat goen. An zwar alles, wat iwwer 180 Euro pro Megawatt/Stonn facturéiert gëtt. Déi Sue kéinten dann ënner Form vun Hëllef fir finanziell schwaach Stéit ëmverdeelt ginn.

Well et zu Lëtzebuerg jo schonn d'sozial selektiv Energieprimme gëtt, wäert d'Ëmverdeelung vun de Superprofitter u sech just d'ëffentlech Finanzen entlaaschten, ëmmerhin. En Impakt op d'Energiepräisser hunn déi Mesuren net. Mee zu Lëtzebuerg ginn et jo wéi gesot d'Präisbremse fir Stéit a kleng Geschäfter.

Kréien d'Betriber dann net gehollef?

Dach. EU-Konkurrenzreegelen ënnerbannen am Normalfall, datt Betriber an den eenzele Länner onkoordinéiert Hëllef kréien. Well wann een dat mécht, riskéiert dat zu onfairen Avantagen ze féieren an de Marché ze verzerren. Gréng Luucht kruten d'Staaten awer scho vun der EU, fir an engem Krise-Mechanismus Hëllef ze ginn. An déi steet schonn am Tripartitesaccord. Wann d'Energiekäschten iwwer 2% vum Chiffre d'affaires leien, kënne Betriber Hëllef u froen, wann d'Präisser iwwer 80% klammen. Alles wat do driwwer géing goen, géing de Staat zu 70% a bis zu maximal 500.000 Euro dann iwwerhuelen. Well dës Hëllef awer fir vill Betriber net a Fro kënnt, wäerten d'Ministeren eng Flexibiliséierung vun deem Mechanismus op de Leescht huelen.

Wat iwwerdeems d'Gas-Reserven ugeet, hätt d'EU am Duerchschnëtt elo 82,5% vu senge Kapazitéiten erreecht. Liicht méi ewéi déi 80%, déi d'EU virgeschriwwen huet. D'Memberstaate kruten donieft d'Hausaufgab, hire Konsum ëm 15% ze reduzéieren. D'Energieministere wäerten och doriwwer e Freideg de Point maachen a sech natierlech iwwert d'Explosiounen op de Gaspipelinen Nord Stream 1 an 2 ënnerhalen.