Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EU-Finanzminister-Conseil: Ungarn blockéiert EU-Hëllef fir Ukrain

Zu Bréissel koum et en Dënschdeg um Sommet vun den EU-Finanzminister am Sträit ëm EU-Gelder zum Clash tëscht der Unioun an Ungarn.

Fir d'éischt an hirer Geschicht hat d'Kommissioun d'lescht Woch de Memberstaate virgeschloen, 13,3 Milliarden un EU-Fonge fir Ungarn anzefréieren, bis Budapest d'Rechtsstaatlechkeet respektéiert. Als Reaktioun huet Ungarn en Dënschdeg all Decisiounen am Conseil vun de Finanzminister blockéiert. D'Situatioun huet sech sou zougespëtzt, datt d'tschechesch Rotspresidentschaft den Ordre du Jour huet misse kierzen. Well d'riets-national Regierung vum Premier Viktor Orban matgedeelt huet, d'makroprudenziell Hëllef vun 18 Milliarden Euro fir d'Ukrain, iwwer déi ofgestëmmt sollt ginn, an hir Zoustëmmung fir eng global Mindeststeier ze blockéieren.

"Es ist bedauerlich, dass wir heute keine Entscheidung getroffen haben über die unverzichtbare finanzielle Hilfe für die Ukraine. Dass wir nicht unsere Solidarität, auch in finanzieller Hinsicht, ausdrücken können, das verantwortet Ungarn. Es ist ein Krieg. Dort werden auch unsere europäischen Werte und Interessen verteidigt. Die Ukraine darf diesen Krieg nicht verlieren. Und sie braucht deshalb unsere finanzielle Unterstützung in diesen Zeiten. Wir müssen jetzt schnellstmöglich eine Übereinkunft finden", fënnt den däitsche Finanzminister Christian Lindner.

D'Debatt iwwer d'Kierze vun EU-Gelder fir Ungarn gouf och vun der Agenda geholl. D'EU Kommissioun kritt nach emol e puer Deeg Zäit, fir hir Bewärung vun der Rechtsstaatlechkeet an Ungarn z'iwwerschaffen. Eventuell e Plang B ze sichen. Am Dialog mat Budapest d'Situatioun z'entschäerfen? Eent dierft awer op kee Fall passéieren.

"Klar für uns ist, dass die Rechtsstaatlichkeit nicht zu diskutieren ist. Das ist klar. Das ist ein Grundpfeiler der Europäischen Union. Und da muss Ungarn auch dazu stehen. Das ist überhaupt keine Frage. Es geht nämlich um Steuergeld. Um europäisches Steuergeld, auch um österreichisches Steuergeld. Und das muss korrekt verwendet werden", sou den Magnus Brunner, éisträichesche Finanzminister.

Den Dossier Rechtsstaatlechkeet an Ungarn, riskéiert den EU-Sommet d'nächst Woch ze belaaschten. Mat der Fro: wéi wäit sech 26 EU-Staate vun engem Member, dee sech queesch stellt, erpresse loossen. Den tschechesche Finanzminister hat en Dënschdeg de Mëtteg nach d'Hoffnung, dës Kris bis d'nächst Woch entschäerft ze kréien.

Aus Lëtzebuerger Siicht war dëse Rendez-vous deen éischten, op deem de Pierre Gramegna a senger neier Roll vum Generaldirekter vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus säi Comeback zu Bréissel am Conseil gemaach huet.