Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EU-Korruptiounsskandal: 2 weider Deputéierter sollen hir Immunitéit verléieren

RTL

© AFP/Valeria Mongelli

D'Justizkommissioun vum EU-Parlament huet en Dënschdeg eestëmmeg decidéiert, strofrechtlech Ermëttlunge géint 2 weider Deputéiert ze erméiglechen.

Et handelt sech dobäi ëm de belschen Deputéierte Marc Tarabella an den Italiener Andrea Cozzolino.
Déi belsch Justiz hat ugefrot, d'Immunitéit vun deenen 2 Sozialdemokraten ausser Kraaft ze setzen.

Den Tarabella gëtt verdächtegt, Vergënschtegunge vum Katar ugeholl ze hunn. De Cozzolino soll vu Marokko beaflosst gewiescht sinn. Allebéid streiden d'Reprochen of.

De Plenum vum EU-Parlament wäert en Donneschdeg iwwer d'Immunitéit vun deenen Zwee ofstëmmen.